1822, also viru ronn 200 Joer, huet de Jean-François Champollion eng revolutionär Entdeckung gemaach.

De pensionéierte Geschichtsproff Jeannot Kettel schafft den Ament un enger Nei-Editioun vum Fransous sengem Buch, deen d'Sprooch vun de Pharaoen entziffert huet. De Jean-François Champollion huet d’ Hieroglyphen entschlësselt an esou der ägyptescher Zivilisatioun nees eng Stëmm ginn.
Et ass ee Vollek, dat zanter der Antik d'Welt faszinéiert. Och hei am Land ginn et passionéiert Leit – wéi zum Beispill de Jeannot Kettel. Hien ass ëmmer op der Sich no wäertvollen Texter iwwert déi ägyptesch Kultur an de Champollion. Nodeems hien 1990 eng éischt Editioun publizéiert huet, schafft de Lëtzebuerger Ägyptolog elo un enger zweeter analytescher Bibliographie iwwert alles dat, wat scho vun, an iwwert de berüümte franséische Champollion geschriwwe gouf.

An och am Louvre zu Paräis spillt déi ägyptesch Kultur eng ganz wichteg Roll. D'Sammlungsstécker aus dem Land vu de Pharaoen huet do e ganzt Departement fir sech. Mir kruten e ganz exklusiven Abléck op dës aussergewéinlech Schätz an hunn dobäi weider passionéiert Leit getraff, déi och haut nach Hieroglyphe liese kënnen.