No Future? Net onbedéngt! D'australesch Punkband CLAMM bréngt nieft verzerrte Riffs a séieren Drums, empathesch Texter voller Zouversiicht op d'Bün.

Drop an derwidder

CLAMM dat war am Ufank de Projet vun zwee Schoulkolleegen, den Jack Summers (Gittar/Gesang) an de Miles Harding (Batterie). Et huet awer d'Arrivée vum Bassist Luke Scott gebraucht, fir dem Trio zum éischten Album a gläichzäiteg groussem Duerchbroch ze verhëllefen.

Déi éischt LP heescht "Beseech Me" an ass nach zimmlech réi. D'Gittar-Soloe verlafe sech an all Richtunge mat deem eenzegen Zil, Damp ofzeloossen. De Rhythmus ass séier, dreckeg an haart. "Drop an derwidder" bréngt et hei op de Punkt.

"Eis war et virun allem wichteg, en éischten Album esou schnell ewéi méiglech rauszebréngen. D'Produktioun gouf deemno relativ schnell ofgewéckelt", erënnert sech den Jack.

Am Abrëll 2021 erschéngt den Album a bréngt der Band eng international Renommée, ënnert anerem "Best Punk Awards" vu wichtege Medien aus der Musekszeen ewéi Spin, Bandcamp, Daily a KEXP. Hannendrun eng Tournée a kuerz drop en zweeten Album. Net ouni puer Changementer...

Sharing is Caring

2022, d'Welt preparéiert sech lues a lues op d'Post-Corona-Ära a mat hier och Australien a Melbourne, déi Staat, déi weltwäit mat am meeschten Zäit am Lockdown verbruecht huet. "D'Spueren, déi d'Pandemie hannerlooss huet, hunn natierlech och de kreative Prozess vum zweeten Album beaflosst", mengt de Jack, "et war eis wichteg déi Gedanken, Ängschten a Gefiller duerch eis Musek ze deelen an sou ze verschaffen". D'Resultat ass den zweeten Album, Care.

Vun der éischter Sekonn u mierkt een, hei huet sech eppes gedoen. D'Produktioun ass wesentlech méi opwenneg. Ënnert der Leedung vum Produzent Nao Anzai (Reel to Real Mix Master) rënne Synthesizer a Saxophone-Spueren de Sound vu CLAMM of. E weidert Element, dat engem direkt opfält, ass eng Stëmm. Déi vum Maisie Everett. D'Bassistin huet net nëmmen de Luke Scott ersat, si huet och e frësche Wand matbruecht. "D'Maisie hat definitiv en enormen Afloss op eis Approche. Et huet och eng gewësse Rou an de Kreativprozess agefouert”, sou den Jack. Sécher ass, datt duerch dem Maisie hiren heftegt fuzzy Bass-Spill, de Sound vun der Band e schwéiere "Grundge a Stoner Rock"-Klang krut.

Gläichzäiteg erënnere Lidder wéi "Symphony" un d'Ufankszäite vun der Band. Vun engem typesche CLAMM-Sound kann also net Rieds sinn. "Wa mir Musek spillen, versiche mir net onbedéngt an eng bestëmmte Richtung ze goen", erkläert den Jack, "wann eis eppes gefält, da spille mir et, egal, ob et anescht oder d'selwecht ewéi virdru kléngt. Haaptsaach, et kléngt authentesch."

Mëttlerweil huet d'Maisie sech entscheet, CLAMM fir en eegene Projet, The Belair Lip Bombs, ze verloossen. "Natierlech war et schued, datt d'Maisie gaangen ass”, bedauert den Jack, "mee mir wollten dës Tour onbedéngt spillen an hunn zum Gléck e Bassist fir déi kommend Concerte fonnt. An Australien wäert dann an Zukunft d’Stella Rennex (Parsnip) bei eis Bass spillen".

CLAMM ass aktuell on Tour duerch Europa an de 04. Februar zu Lëtzebuerg an de Rotonden.

RTL

CLAMM on Tour mat hirem zweeten Album, Care, 2023 / © Jack Summer