D'Single heescht "Hardcore" a gëtt schonn d'Direktioun un, an déi den CHAiLD sech mat senger Debut-EP beweege wäert. D'EP kennt de 14.Abrëll eraus.

An deem Kader gëtt dann och mat enger grousser Release-Party an der Kulturfabrik zu Esch gefeiert. Nieft dem CHAiLD trieden och d'Angel Cara an d'Irem op. Bis et sou wäit ass, versuergt de Lëtzebuerger Artist eis awer reegelméisseg mat neie Singlen. Seng rezentst heescht "Hardcore" an ass e Freiden, den 20.Januar, erauskomm.

Kanns de kuerz resuméieren, ëm wat et am Lidd "Hardcore" geet?

Wéi den Titel et scho seet, geet et am Lidd ëm "hardcore" Gefiller. Ech hunn d'Tendenz alles am Liewe méi intensiv wouerzehuelen, sief et déi gutt Saachen oder déi negativ Momenter. Genau dat wollt ech a meng Musek afléisse loossen, mä och de Fakt, dass ee richteg süchteg no deenen intensive Glécksmomenter an -Hormoner gëtt, déi een zum Beispill kritt, wann ee frësch verléift ass. D'Lidd ass natierlech zimmlech explizitt, mä wann een e bëssen tëschent den Zeile liest, mierkt een, dass et am Fong näischt anescht ass, wéi e Libeslidd, oder besser gesot, e Lidd fir d'Léift.

RTL

© Steven Marques / FOQUS

De Stil vum Lidd ënnerscheet sech jo zimmlech staark vun deem wat s du an der Lescht rausbruecht hues.

Jo haha. Ech wollt de ganze Songwriting-Prozess méi locker ugoen an einfach Spaass hunn um Schreiwen. Dat ass mir dann och bei dësem Lidd gelongen.

Wisou huet "Hardcore" sech sou gutt gëeegent als éischt Single, déi am Virfeld vun denger Debut-EP rauskoum?
 
Grad well et emol eppes Anescht ass an e bësse "schockt", wann ee mäi Projet kennt. Ech consideréieren d'Lidd e bëssen als den "Alien" vum Projet CHAiLD. Et ass nei, frësch a soll Spaass maachen. "Starting with a Bang", wann ee sou wëll.

RTL

© Steven Marques / FOQUS

Wat kënne mir eis vun denger Debut-EP erwaarden?
 
3 Wieder: Vulnerabilitéit, Éierlechkeet a Léift. Ech hunn déi EP geschriwwen zu enger Zäit, wou ech mech hu musse mat villen neien a emotional schwierege Situatiounen ausenee setzen, mä all Kéiers, wann ech an de Studio gaange sinn, hunn ech dee Stress hannert mir gelooss, an no all Song, dee produzéiert gouf, krut ech erëm e Stéckche méi Hoffnung. Et geet ëm Traumaen, déi duerch Vulnerabilitéit an Éierlechkeet mat sech an anere geheelt ginn. Dowéinst heescht d'EP dann och "Urgent Care". Wéi ee sech denke kann, sinn déi aner Songs op der EP dann och erëm am typeschen CHAiLD-Stil, mä fir d'éischt, geet et emol ëm déi "hardcore" Gefiller.

CHAiLD - Hardcore (Official Music Video)

Wat war d’Inspiratioun hannert dem Museksvideo?
 
Déi ganz EP stellt am Fong duer, wéi ech mech an menge Gedanke verléieren a mech a meng Fantasie zeréckzéien, wann d'Welt bëssen ze "hardcore" fir mech gëtt. Dofir wollt ech am Museksvideo vun dësem Song déi Dualitéit duerstellen a Form vun engem Dram an engem Albdram. An ech mengen, dass d'Leit sech domat identifizéiere kënnen. Schliisslech hu mir alleguer zwou Säiten an eis: eng méi douce an eng méi temperamentvoll.

Méi Informatiounen zur Release-Party an Tickete ginn et hei.