De beléifte Quartett huet am Januar fir déi éischte Kéier an der Philharmonie gespillt.

Saxitude ass 2004 vum Robi Arend gegrënnt ginn. Wéi hien d'Formatioun an d'Liewe geruff huet, hat de Museker schonn eng kloer Visioun, wat d'Zil vun der Band soll sinn.

"D'Iddi war et vun Ufank un, e ganz grousse Publikum ze erreechen an dofir hu mir vun Ufank un déi verschidde Stiler matenee verbonnen. Wat de Public méi grouss ass, wat ee méi Concerte ka spillen", sou de Robi Arend.

Concerte spillen ass deemno hir grouss Leidenschaft. An der Moyenne sinn et eng 80 Stéck am Joer. Zanter et d'Formatioun gëtt, stounge se schonn iwwer 1.000 Mol zesummen op der Bün. Zum Alldag ginn déi vill Optrëtter awer net.

"Dat gëtt ni wierklech langweileg, mir freeën eis einfach ëmmer mat, wann d'Leit matsangen an matmaachen", sou de Gregory Ney.

Et ass dem Quartett wichteg, sech ëmmer erëm Neies afalen ze loossen, fir d'Leit matzerappen an d'Vitrinn tëscht de Museker an dem Publikum ze briechen. An de méi klassesche Kader vun der Philharmonie gehéiert do dozou, sou de Robi Arend:

"Mir probéieren et hei esou ze maachen, wéi soss och. Dat heescht, datt mir et anescht maache wéi de gréissten Deel vun de Bands. Mir komme jo schonn duerch de Sall eran a wäerten dat och bësse méi witzeg gestalten."

Traditionell steet Saxitude als Quartett op der Bün, ma fir speziell Occasioune loosse si sech och gären ënnerstëtzen. An der Philharmonie waren de Jean-Marc Robin op der Batterie an de Joël Metz als weidere Lëtzebuerger Saxophonist mat dobäi. Saxitude wëll eng villsäiteg Band sinn, déi no um Public ass. E Quartett, deen duerch seng Energie erausstécht.