Den Nederlands Dans Theater (NDT) bréngt seng rebellesch Visioun vun Danz an de Grand Théâtre. Eng disruptiv Approche, déi op technescher Exzellenz berout.

Aus der Rei danzen

Den NDT hat vun Ufanks un den Usproch, en neie Wand an d'Danzwelt ze bréngen. Ugefaangen huet d'Geschicht vun der Kompanie ëm 1950. Deemools huet e Fëscherhaus bei Scheveningen (NL) als Studio fungéiert. Eng bescheiden Infrastruktur, an där ambitionéiert Ziler entwéckelt goufen - déi klassesch Formen an Hierarchien, déi de Ballet bis dato charakteriséiert hunn, sollten net nëmmen hannerfrot, mee gänzlech ëmgeworf ginn.

E Virhunn, dat net nëmmen an der kreativer Approche, mee och an der Struktur vun der Kompanie spierbar sollt ginn. Ugefaange gouf domadder, datt den Ënnerscheed tëschent Solisten an Ensembel ofgeschaaft gouf. "Eis Dänzer hu Gesichter", soll de Benjamin Harkarvy, ee vun den dräi Fondateure vum NDT, deemools gemengt hunn.

D'individuell Ausdrockskraaft vun all Kënschtler sollt deemno méi zum Virschäi kommen. Dës och mam But, e méi diverst Gesicht vum Danz ze weisen. Eng Diversitéit, déi och duerch en héischt Moos un technesch Fäegkeete sollt ënnerstrach ginn. D'Beherrsche vu modernen a klassesche Repertoirë gëtt vun dem Ensembel erwaart, esou wéi eng perfekt Maîtrise op Pointen, ewéi och buerféiss.

Eent, zwee, dräi, eent, zwee, dräi

Doriwwer eraus versteet sech den NDT och als e generatiounsiwwergräifende Projet. Niewent der Haapttrupp, dem NDT also, gëtt et och en NDT2 a bis 2006 en NDT3. Déi lescht Trupp war aus Dänzer "du troisième âge", deene keng Bün méi gebuede gouf, zesummegestallt.

Den NDT2, déi sech dëse Weekend am Grand Théâtre opféiert, war ufanks als Nowuessprojet geduecht. Mä iwwert d'Zäit huet sech den Niveau därmoossen entwéckelt, datt den NDT2 mëttlerweil als selbststänneg Trupp ugesi gëtt an eege Kreatiounen opféiert. Vun enger zweeter Garde kann deemno scho laang net méi geschwat ginn.

Voyage, voyage

D'Opféierung dëse Weekend hëlt de Publik op eng musikalesch an emotional Rees mat. Ugefaange mat The Big Crying, deen unhand vu symmetresche Kompositiounen an intensive Beweegungen, d'Thematike vum Abschid, dem Laachen an der Verzweiwlung opgräift.

Duerno bréngt Bedtime Story d'kierperlech Sproch vu moderne Musekvideoe mat arabesche Rhythmen op d'Bün. Schlussendlech féiert den Ensembel eng ganz nei Kreatioun op. Eng Unzuel un dänzerech Universen, déi d'Geschicht an d'Approche vun der Compagnie beschtens erëmgëtt.

Den Nederlands Dans Theater ass de 4. a 5. Februar am Grand Théâtre an der Stad.