
© GENN
Baséiert zu Brighton (UK) mat malteesesche Wuerzelen, mësche GENN energesche Punk mat sonneg psychedeleschem Funk. Danzschong mathuele lount sech!
Patchwork
D'Originne vun der Band gi wäit zeréck. D'Sängerin Leona Ferrugia an d'Gittaristin Janelle Borg kenne sech zanterdeems si dräi Joer al sinn. Als Duo hu si schonn a jonke Joren zesumme Musek gemaach. Wärend der Uniszäit koum dann d'Bassistin Lenne Zammit dobäi. Déi nei Formatioun huet fläisseg Lidder geschriwwen, déi si als Cryptic Street am Album Titty Monster selwer verëffentlecht hunn. Leider goufen dem Trio kuerz dono all d'Instrumenter geklaut, wat hir musikalesch Ambitioune kuerzfristeg op Äis geluecht huet. D'Enn vu Cryptic Street, den Ufank vu GENN.
D'Arrivée vun der Batteuse Sofia Rosa Cooper aus Brighton sollt dës nei Era definitiv an d'Gäng bréngen. Kennegeléiert hu sech déi véier Musekerinnen iwwert d'sozial Netzwierker. "Mir haten eng Batteuse gesicht vir eis UK Tour a sinn dann op d'Sofia gefall", erënnert sech d'Leona. D'Chimie huet gepasst, an nodeems d'Band eng Zort Fernbezéiung geféiert huet, hunn d'Malteeserinnen dat mediterraant Wieder géint di brittesch Keelt ëmgetosch. D'Hëtzt hu se dofir awer net hannert sech gelooss, au contraire, se ass duerchaus an hirer Musek spierbar.
Force tranquille
GLENN, dat ass malteesesch fir Frenesie, spriech, eng feierlech, ënnerlech Energie. Kuckt ee sech d'Bünepresenz vun der Band un, fält engem och kee bessere Begrëff an. Ugedriwwe ginn d'Lidder vun dem Sofia seng groovy Batterie, déi un dem Anderson Paak säi lässegen a verspillten Perkussiounstil erënnert. D'Sängerin Leona komplettéiert dat duerch eng dänzereg Omnipresenz op der Bün, déi keen Zentimeter ausléist. Hir Stëmm ass genau esou energesch ënnerwee a wandert vun déif op héich Téin, vu gesongenen op geschwaten Deeler. Agepaakt gëtt dat ganzt vum Janelle an dem Leanne, déi dem Ganzen e melodeschen, psycheedeleschen a funky Touch ginn. Eng Komponent, déi deelweis entschleunegt, awer ni bremst.
E kloer definéierte Genre, huet GENN net direkt. Hir Musek entwéckelt sech vu Lidd zu Lidd weider, an och an de Lidder selwer, kënnen Elementer aus verschidde Richtungen opdauchen an nees verschwannen. Fest steet awer, datt Fans vu psycheedeleschem Rock, Punk a Funky Gittaren, definitiv op hir Käschte kommen. Weiderhin erkennt een Tendenzen, déi un Bands ewéi War Paint d'Alabama Shakes oder Altin Gün erënneren, wärend een, virun allem an hirer Bünepresenz, Aflëss vu fréiere Kultfiguren ewéi d'Runaways erkennt.
GENN spillt den 16. Februar an der Kulturfabrik zu Esch.
Weider Informatiounen zu GENN fannt dir am The Lunchbox Interview vum Stephen Lowe: