Viru bal 160 Joer gouf dem Wagner säin Tristan und Isolde fir d’éischte Kéier zu München opgefouert. An d'Joer komm ass d'Stéck dofir awer net.

Et ass d'Geschicht vun enger onglécklecher Léift, Bedruch an Doud. Op den éischte Bléck näischt Ongewinntes fir eng Oper. Ma spéitstens op den zweete Bléck oder, éischter gesot, beim zweeten Toun, mierkt een, datt sech hei eppes Gréisseres entfaalt.

"Et ass wierklech Balsam fir d'Séil", sou den Direkter vum Groussen Theater Tom Leick-Burns, "et ass e Gesamtkunstwerk, en Zesummespill vu Musek, Zeenebiller a Schauspill". Genau dowéinst wier dës Opféierung och eppes fir Leit, déi nach ni an der Oper waren. Mat enger moderner Inzenéierung, déi op den australesche Regisseur Simon Stone zeréckzeféieren ass, wäert dem Wagner seng Oper ënnert anerem och Filmenthusiaste begeeschteren.

Tristan und Isolde gëtt den 2. a 5. Mäerz am Groussen Theater an der Stad opgefouert.