Eros Ramazzotti @ Rockhal (27.02.23)
© Steve Müller
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op senger Welttournée huet den italieenesche Sänger och e Stopp hei am Land ageluecht a stoung de 27. Februar an der Rockhal op der Bün.
Hien ass souwuel Schmusesänger, mä huet och en haarde Rocker-Kär. Den Eros Ramazzotti ass senger Linn bis haut trei bliwwen. Seng gefillvoll Balladen a rockeg Hits schreift den 59 Joer ale Museker net just selwer, hie produzéiert se och. Also och säi 16. Studioalbum. Op Social Media hat de Sing- a Songwriter beim Tour-Annoncement gesot, hie kéint et kaum erwaarden, zeréck beim Public ze sinn a seng Fans z'ëmäermelen.
Mir ware fir Iech op Esch an hu säi Concert am Kader vu senger "Battito Infinito World Tour" a Biller festgehalen.
Am meeschte gelies