De Frin Wolter an de Pierre Fontenelle trieden als Duo op an nenne sech KIASMA. Och wa si ganz ënnerschiddlech Instrumenter spillen, ergänze si sech awer.

KIASMA sou nennt sech den Duo mam Lëtzebuerger Frin Wolter a mam Belsch Pierre Fontenelle, deen awer zu Lëtzebuerg wunnt. En Akkordeon verbënnt ee net spontan mat engem Violoncello, mee wann een se zesummen héiert, da mierkt een wéi komplementar se sinn.