
© AFP
An den USA wieren d'lescht Joer 41 Millioune Placke verkaaft ginn. Bei den CDe louch d'Vente bei 33 Milliounen.
Dat huet de Brancheverband RIAA en Donneschdeg matgedeelt.
Laang waren d'Placken an den Hannergrond gedrängt ginn, ma zanter e puer Joer erliewe se e Comeback. Dat och net just bei den Amateuren. Allerdéngs leien d'Verkafszuele bei de Placken, genee wéi bei den CDe wäit hannert der Beléiftheet vu Musek-Streamingen am Internet. D'lescht Joer louch de Streaming-Ëmsaz an den USA bei 13,3 Milliarden Dollar (ëmgerechent 12,6 Milliarden Euro). Dat ware 84 Prozent vun alle Museksëmsätz.
Am meeschte gelies