
Op Lëtzebuergesch steet d’Wuert "Stëmmen" fir d’Ausfëlle vum Walziedel, awer och fir d’Stëmme vun Artisten. De Projet "Eis Stëmmen" verbënnt déi zwee.
Zil vum Projet ass et Kanner a jonke Leit parteipolitesch neutral d’Institutiounen an de Fonctionnement vun der Demokratie z’erklären an déi grouss Walthemen unzeschwätzen, déi si concernéieren.
D’Iddi war den Artisten d’Fräiheet ze loossen déi Themen a Lidder ëmzesetzen an dës mat hire “Stëmmen” Kanner a jonke Leit ze vermëttelen.
"Eis Stëmmen" ass eng Initiativ vun RTL. All Lidder goufe produzéiert vum Turnup Tun an den Unison Studios zu Déifferdeng. D'Videoe goufe realiséiert vu FOQUS.
Am meeschte gelies