E Samschdeg den Owend si bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest d'Präisser iwwerreecht ginn.

Um Enn huet de Film vum Valentina Maurel de Grousse Präis gewonnen.

"World War III" vum Houman Seyyedi krut de Premier Prix de la Critique.

Den Documentaire "Humani Corporis Fabrica" vum Verena Paravel a Lucien Castaing-Taylor ass de Laureat vun der Documentaire-Selektioun.

Presidéiert gouf den internationale Jury vum LuxFilmFest dëst Joer vum iranesche Realisateur Asghar Farhadi. De Festival huet den 2. Mäerz ugefaangen a geet de Weekend op en Enn.

30.000 Spectateuren, dovunner der 17.000 an de Kinossäll, waren déi Kéier um Festival present.

Hei den Detail vun alle Präisser am Schreiwes

E Sonndeg de Moie ginn et um Radio um 10 an um 12.30 Auer Reaktioune vum LuxFilmFest.