Och wa "La valise rouge" kee Präis krut, goufen 2 Produktiounen, un deene Lëtzebuerger matgeschafft hunn, mat Oscaren ausgezeechent.
An der Nuecht op e Méindeg war zu Los Angeles déi 95. Editioun vun den Oscaren.
"Everything Everywhere All at Once" an "Im Westen nichts Neues" sinn déi grouss Gewënner
De Präis fir déi beschte Schauspillerin an enger Haaptroll goung un d'Michelle Yeoh fir hir Prestatioun am Film "Everything Everywhere All at Once". Beschte Schauspiller ass de Brendan Fraser fir seng Roll am Film "The Whale".
De grousse Gewënner vum Owend war d'Science-Fiction-Komedie "Everything Everywhrere all at Once" nieft dem Oscar fir de beschte Film, krut e 6 weider Präisser. Um Film huet mam Jeff Desom och e Lëtzebuerger un de Spezialeffekter geschafft, an dëser Kategorie war de Film allerdéngs net nominéiert.
Och den däitschen Antikrichsfilm "Im Westen nichts Neues" gouf e puer Mol ausgezeechent. D'Netflix-Produktioun huet direkt an enger Rei Kategorien Oscare gewonnen, ënner anerem an där vum beschten internationale Film.
Keen Oscar fir Lëtzebuerger Kuerzfilm - Ma Oscargewënner mat Lëtzebuerger Bedeelegung
"La valise rouge" vum Lëtzebuerger Realisateur Cyrus Neshvad war an der Kategorie vum beschte Kuerzfilm nominéiert.
"The red suitcase" ass 2021 bannent 6 Deeg um Findel gedréint a vun der Firma "Cynefilms" produzéiert ginn.
Kuerz virun der Zeremonie sot de Cyrus Neshvad Live op der däitscher Tëlee, dass hien d'Geleeënheet vun der grousser Bün och wéilt notzen, fir op d'Situatioun vun den iranesche Fraen opmierksam ze maachen. De Regisseur ass selwer zu Teheran gebuer an zu Lëtzebuerg grouss ginn.

De Cyrus Neshvad war e Freideg Invité an der Emissioun Live! Planet People.
Presentéiert gëtt déi 95. Editioun vun den Academy Awards vum Jimmy Kimmel.
Als beschte Kuerzfilm gouf um Enn "An Irish Goodbye" vum Tom Berkeley a Ross White ausgezeechent. Dëst ass zwar kee Lëtzebuerger Film, mat et hat awer e Lëtzebuerger dru matgeschafft. Den Narayan Van Maele war den "Director of Photography" also den Haaptverantwortleche wat d'Kameraarbecht am Film betrëfft, ma och de Jeff Desom war um Film bedeelegt an zielt am RTL-Reportage iwwer seng Experienz.
2014 gouf et de bis elo eenzegen Oscar fir Lëtzebuerg
An der Kategorie vun de kuerzen Animatiounsfilmer gouf bei den Oscar 2014 d'Lëtzebuerger Co-Produktioun "Mr. Hublot" ausgezeechent. Den éischten Oscar fir Lëtzebuerg. Den 3D-Film ass vum Produzent Laurent Witz, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. D'Regie huet de jonke Lëtzebuerger Alex Espigares gefouert.

"Mr Hublot" gouf zu 73% vu Lëtzebuerg finanzéiert an integral hei am Land bei Zeilt Productions realiséiert. Mat engem Gesamtbudget vu ronn 230.000 Euro war d'Produktioun vun Zeilt Productions zimmlech bëlleg.
D'Gewënnerinnen a Gewënner vun 2023 am Iwwerbléck
Beschten Animatiounsfilm
Pinocchio vum Guillermo del Toro
Beschten Acteur an enger Nieweroll
Ke Huy Quan (Everything Everywhere All at Once)
Beschten Actrice an enger Nieweroll
Jamie Lee Curtis (Everything Everywhere All at Once)
Beschten Documentaire
Navalny (Daniel Roher, Odessa Rae, Diane Becker, Melanie Miller, Shane Boris)
Beschte Kuerzfilm
An Irish Goodbye (Tom Berkeley, Ross White)
Cinematography
Kameramann James Friend (Im Westen nichts Neues)
Beschte Make-up an Hairstyling
The Whale
Costume Design
Ruth Carter (Black Panther: Wakanda Forever)
Beschten internationale Film
Im Westen nichts Neues
Beschten Documentaire-Kuerzfilm
The Elephant Whisperers (Kartiki Gonsalves, Guneet Monga)
Beschten Animatioun-Kuerzfilm
The Boy, The Mole, The Fox And The Horse (Charlie Mackesy, Matthew Freud)
Best Production Design
Im Westen nichts Neues (Christian M. Goldbeck, Ernestine Hipper)
Bescht Filmmusek
Volker Bertelmann (Im Westen nichts Neues )
Visual Effects
Avatar: The Way Of Water (Joe Letteri, Richard Baneham, Eric Saindon, Daniel Barrett
Beschten Dréibuch
Everything Everywhere All at Once
Beschten adaptéiert Dréibuch
Women Talking
Beschte Sound
Top Gun: Maverick
Beschte Song
Naatu Naatu vun (M.M. Keeravaani, Chandrabose)
Beschte Schnëtt
Everything Everywhere All at Once
Beschte Regie
Daniel Kwan an Daniel Scheinert (Everything Everywhere All at Once)
Beschte Schauspiller
Brendan Fraser (The Whale)
Bescht Schauspillerin
Michelle Yeoh (Everything Everywhere All at Once)
Beschte Film
Everything Everywhrere all at once