
De 17. Mäerz geet d'Europa-Tour vun der US-amerikanescher Post-Metal-Band "Russian Circles" un. Mir hunn am Virfeld mam Guitarist Mike Sullivan geschwat.
Russian Circles gehéiert definitiv zu de weltwäit bekanntste Post-Rock/Post-Metal-Bands op der Welt an iwwerzeegen zënter deem et se gëtt duerch hire erbaarmungslos brachialen an awer trotzdeem bal transzendente Sound, dat wéi gesot komplett instrumental, also ouni Asaz vu Gesang oder enger Stëmm am generellen. Enn August zejoert koum hire mëttlerweil 8. Album eraus an héiert op den Numm "Gnosis". Den Album krut iwwregens duerch d'Bänk ewech e ganz gudde Feedback. Lidder vun dësem méi düsteren an haarden Album kritt den europäesche Publik dann elo eng éischte Kéier live laanscht d'Ouere gehäit, dat wärend hirer EU-Tour, déi de 17. Mäerz ugeet.
Lëtzebuerg steet dës Kéier net op der Lëscht vu Stied an deenen d'Band aus Chicago optrëtt, ma dofir kann een Russian Circles awer op ville Plazen an Däitschland, an der Belsch, Holland oder a Frankräich kucke goen. Déi ganz Tour mat allen Datume gëtt et hei.

© William Lacalmontie
Russian Circles huet awer schonn eng Partie Kéieren zu Lëtzebuerg gespillt, am rezentsten an der Kufa oder och nach virdrun an der Rockhal. Dëst Joer geet et ma "Cult of Luna" als Headliner duerch Europa, mat am Gepäck si "Svalbard" aus England. Wéi ass et zu dëser Tour komm a wat mécht eng gutt Band fir zesummen ze touren aus?
De Mike Sullivan, Guitarist vu Russian Circles: "Dës Tour ass eis quasi an de Schouss gefall. Mir sichen eis an sech gäre Bands eraus, déi mer och selwer interessant fannen. Wann mer zum Beispill als Headliner spillen, da siche mer eis meeschtens Bands eraus, déi mer wëlle virun eis spille gesinn. Déi Bands sinn och dacks Frënn vun eis. Et ass gutt ze wëssen, dass d’Bands och eng gutt Reputatioun hunn, dat op der Bün an hannert der Bün an dass mer hirer Musek kënnen eng Plattform bidden. Ma dës Tour mat Cult of Luna koum aus dem Näischt. Si hunn eis gefrot, op mir wëllen en Deel vun der Tour sinn an do hu mir natierlech keng Sekonn driwwer nogeduecht, dat huet fir eis komplett Sënn erginn a mir hunn och direkt zougesot. Cult of Luna huet dann och Svalbard ausgesicht als weidere Support, dat natierlech eng genial Band ass. Och vum Organisatoreschen ass alles extrem einfach fir eis ofgelaf, d’Management vu Cult of Luna hunn déi ganz Organisatioun vun der Tour iwwerholl. Et ass eis wierklech extrem einfach gemaach ginn mat dëser Tour."
Eng Band wéi Russian Circles ass praktesch dat ganzt Joer iwwer op der ganzer Welt ënnerwee fir live opzetrieden. Do léiert een ëmmer nees nei Gruppe kennen, mat deenen een dann och mol an d'Gespréich kënnt, respektiv souguer Frëndschaften sou entstinn. Kënnt et mol vir, dass een hei dann och mol Pläng fir eng zukünfteg gemeinsam Tour entstinn?
Mike Sullivan: "Oh absolut, jo. A meeschtens sinn dat dann och ganz organesch Bekanntschaften, also mir kennen déi Bands richteg, perséinlech an net just online oder iwwert e Kolleeg vun engem Kolleeg. Normalerweis gesäit een dës Bands da live op Tour oder engem Festival an et léiert een se och Face-to-Face kennen. An dann schwätzt een eben mateneen, et versteet een sech an et proposéiert een dann och mol zesummen eng Kéier ze spillen. Den "Oldschool-Wee" eben. Mir spillen net dacks mat enger Band, iwwert déi mer an sech net vill wëssen. Mir wëlle sécher sinn, dass et gutt Mënsche sinn an dass mir hir Reputatioun kennen, dat ass eis wichteg. Mir wëllen einfach, dass et Leit sinn, déi op eiser Wellelängt sinn. Mat aggressiven Rockstaren, déi sech wéi Verréckter behuelen, wäerte mer warscheinlech éischter net op tour goen. Zum Beispill ware mer eng Kéier mat enger Band op Tour, déi extrem vill mat Blutt geschafft huet an zimmlech verréckt Saachen op der Bün gemaach huet. Fir dann dono op d’Bün ze goen, mat der ganzer Sauerei, war net sou eist. Et ass also generell wichteg, dass de Vibe mat eis stëmmt an dass och eng perséinlech Connection iergendwéi do ass. Virun allem wann een op Tour ënnerwee ass an an sech just 1-2 Stonnen op der Bün steet, ass et wichteg, dass een dono a virdrun och kann zesumme Zäit verbréngen, eng gutt Zäit huet a sech gutt versteet."
D'Fro déi eis hei natierlech direkt op der Zong louch, ass op et an deem Kontext och schonn emol eng Kéier sou richteg schlecht Erfarunge gouf?
Mike Sullivan: "Glécklecherweis fält mer do näischt an, bis ewell waren et meeschtens extrem gutt Erfarungen. Et kann awer mol virkommen, dass et musikalesch net sou passt, dat ass dann awer éischter witzeg. Do gëtt et da just eng musikalesch Differenz, ma och do waren awer ni schlecht Leit oder schlecht Vibes involvéiert. Déi allermeeschte Leit sinn einfach relax drop, do gouf et bis ewell nach ni eng Katastroph. Heiansdo ginn et mol Anekdote bei lokale Bands déi dann mol als Support-Band mat optrieden. Hei hu mer zum Beispill eng Kéier a Polen gespillt, mat enger lokale Band, déi nach extrem jonk waren. Also ech war a ville Band viru Russian Circles, wéi ech méi jonk war an mir hunn der Band dann och gesot, dass se dat gutt gemaach hunn. Nom Concert ass dunn d’Mamm vun engem vun der Band Backstage komm an huet eis gefrot, wéi mer d’Band fonnt hunn an ob mer se net wéilte mat op Tour huelen. Ech sot dunn: Madamm, mir si warscheinlech am selwechten Alter, komm mir maachen ee Schrëtt nom aneren. Dat do sinn nach Kanner. Et sinn eben einfach witzeg Situatiounen mol entstanen, awer näischt wierklech negatives. An och wann eppes virgefall wier, géif ech d’Bands net mam Numm nennen. Dat wier net cool. Mä wéi gesot, mir sichen eis dowéinst gären eraus, mat wiem mer ënnerwee sinn. Mir sinn zum Beispill keng Leit déi elo Drogen huelen an och Persoune mat groussen Egoen sinn net wierklech kompatibel mat eis. Dofir ass et wichteg, dass do de Vibe e wéineg passt, an da klappt dat."

© Ekaterina Gorbacheva
Den 19. August 2022, also leschte Summer, ass den neisten Album vu Russian Circles erauskomm. "Gnosis" heescht en an ass de mëttlerweil 8. Album vun der Band. Dësen Album ass matten an der Phas vu Corona entstanen, et goufen also deels massiv Aschränkungen, déi d'Band gefuerdert huet. Wéi sinn d'Lidder bei dësem Album entstanen a wéi war d'Aarbecht am allgemengen un dësem Album?
Mike Sullivan: "Mir 3 an der Band liewen an 3 verschiddene Stied. Direkt am Ufank vu Covid sollte mir an sech eng 6 Woche laang Europa-Tour starten. Dat war Mëtt Mäerz an huet natierlech misste gecancelled ginn. Dat war sou ëm den 10. Mäerz. Dee Moment wousste mer, dass elo d’Méiglechkeet do wier, en neien Album ze schreiwen. Kloer, du kanns net touren, et ass eben elo sou wéi et ass. Ma wat mer awer kënne maachen, ass komponéieren. Ma vue dass mer awer net konnten zesummen an engem Raum spillen a konventionell ze schaffen, hu mer eis wierklech misste forcéieren an eisen eegene klenge Welten ze schaffen. D’Konzept ass bei eis normalerweis relativ Oldschool, nämlech op Basis vu Riffs déi mer hunn. An do hu mer einfach ëmmer gekuckt, wat gutt passt, wat kompatibel ass, fir e gudde musikaleschen Arrangement. Ma dës Kéier, wéi scho gesot, huet awer jiddwereen a senger eegener Welt gelieft. Den Dave hat zum Beispill eng elektronesch Batterie an huet fir déi éischte Kéier iwwer Lidder gespillt, déi mir him geschéckt haten. Ma och de Brian an ech si méi effizient op der Gittar an dem Bass. Dat net nëmmen wat d’Ekipement fir opzehuelen betrëfft, ma virun allem wéi ee Russian Circles Lidder vun Ufank bis Schluss schreift a produzéiert. Dat hei ass also deen éischten Album wou mir als Basis wierklech e komplett laangt Lidd haten. 6 vun de 7 Lidder déi ech geschriwwen hunn, ware komplett fäerdeg geschriwwen an sech an dat krut d’Band dann och esou geschéckt. An dann hunn déi 2 aner Memberen eventuell iergendwann virgeschloen, hei mol en Deel erauszehuelen oder mat engem aneren Deel ze tauschen, respektiv en Deel ze modifiéieren oder ze kierzen. Bei anere Lidder ass dat net gaangen, ma et konnt een awer e Lidd an 2 Deeler cutten. Mat e wéineg editéieren, a notzen vu verschiddenen Deeler, sinn dunn déi fäerdeg Lidder iergendwann entstanen. Mä jo, de Prozess war e komplett aneren am Verglach zu deem wéi mer virdru geschafft hunn. Fréier goufen et vill Guitars-Riffen an déi sinn dann no an no zesummegesat ginn. Dës Kéier waren d’Lidder fäerdeg, d’Deeler waren an sech geschriwwen, fir an deem Lidd ze sinn. Et war definitiv eng Verbesserung vun eisem Schreif-Prozess, well mer elo richteg Demoen hunn fir domadder ze schaffen. Beim Virgänger-Album «Blood Year» war dat ganz anescht, do hate mir an sech keng eenzeg Demo, den Dave an ech hunn hei éischter gejamt an hunn aus verschiddene Riffs aus eisem Archiv geschafft. Dës Kéier war de Prozess vill méi duerchduecht a strukturéiert."
Fir "Gnosis" huet Russian Circles also eng ganz nei Method gezwongenermoossen missen entwéckelen, fir Lidder ze schreiwen an dës auszebauen a fir en Album ze modifizéieren. Eng Method, déi sech grondleeënd vun hirer fréierer Approche ënnerscheet. Réckbléckend, wéi eng Method funktionéiert fir d'Band am Moment besser?
Mike Sullivan: "Also ech géif soen, se fänken alle béid d’selwecht un. Et huet een ëmmer sou e klenge Kär deen een aplanzt, eppes dat interessant fir een ass. An der Vergaangenheet hat mer dann e coole Riff an deen huet eventuell bei en anere Riff gepasst. Ma wann een esou awer e ganzt Lidd mécht, dann dauert einfach, bis d’Lidd fäerdeg ass an et kascht och méi Energie. Wann s de mech also frees, wat ech léiwer hunn, da schaffen ech léiwer mat engem fäerdeg geschriwwene Lidd. Hei suivéiert een éischter sengem Instinkt a senger Linn. Et ass net komplett richteg an déi bescht Versioun, et brauch do d’Hëllef vun den anere Bandmemberen, fir et komplett ze finaliséieren. Ech fannen et ass einfach méi en éierleche Prozess… oder vläicht net "éierlech", awer op alle Fall méi effektiv. Wann ee kuckt, wat aus «Gnosis» ginn ass, hunn d’Bandmemberen déi nei Method wuel léiwer. Och de Brian eise Bassist huet 2 Lidder bäigedroen, an eent vun eise Liblingslidder huet et net gepackt gehat, dat war och vun him. De Gros koum verständlecherweis vu mir, well ech eben d'Guitar schreiwen."
Wéi gesäit et dann aus bei den aneren 2 Memberen an der Band, ginn déi elo méi, respektiv souguer eventuell manner duerch dësen neie Prozess an d'Schreiwe vu Lidder mat agebonnen?
Mike Sullivan: "Jo an Nee… et ass einfach anescht elo. Et ass einfach e ganzt Lidd, dat vun engem geschriwwe gëtt an vun den anere Memberen verännert an ugepasst gëtt. An der Vergaangenheet waren et virun allem ech an den Dave, déi vir d’Arrangement vun de Lidder responsabel waren, virun allem den Dave. Jiddereen huet hei einfach seng Kontributioune gehat, et war komplett anescht wéi bei "Blood Year". Dëse neie Prozess huet sech wéi e frësche Wand ugespuert, en extrem effektive Wee fir Lidder ze schreiwen. Mir wäerten dëst och an Zukunft sou weiderféieren. Eisen nächsten Album wäert warscheinlech änlech wéi Gnosis oflafen, ma mir wäerten awer al Methoden, wéi mer Albume geschriwwen hunn, net einfach komplett ignoréieren, ma dat bescht as allem huelen."
Dir schafft schonn zënter enger Zäitchen mam Kurt Balou zesummen. Hien ass virun allem bekannt als Guitarist vu Converge, ma ass awer och een vun, wann net dee gréisste Produzent, am Genre vun der haarder Musek, also progressiver haarder Musek, Hardcore a Mathcore. Alles wat en Numm huet an deem Genre, huet op d'mannst schonn emol mam Kurt Balou zesumme geschafft. Wéi géifs du d'Aarbecht mat him beschreiwen, virun allem op Hibléck op äre leschten Album?
Mike Sullivan: Et war einfach gemittlech, de Kurt ass e Kolleeg vun eis. Mir hu schonn 3 Albume mat him opgeholl. Mir maache voll Quatsch och mateneen. Iert mer ufänke mat schaffen, kritt hie meeschtens Demoen a kommentéiert déi dann. Hie weess a wéi eng Richtung d’Lidder ginn a wéi den Album am Groussen a Ganze klénge soll. Wa mer bis wësse wou mer ophuelen a wéini mer wat ophuelen, ass de Virgang an sech relativ Standard. Mir schaffen d’Lidder een nom aneren of. Normalerweis fänke mer klassesch mat der Batterie un, déi huele mer normalerweis zu Chicago bei Electrical Audio op. Hei huele mer och deels de Bass op. Iergendwann geet et dann an de Studio vum Kurt Balou, God Ctiy Records zu Massachusetts. Hei huet hien all seng Spillereien a Verstäerker, e komplett Arsenal u Guitar- a Basseffekter a Pedallen. Hei spille mir da mam Toun a manipuléieren dësen, bis et eis gefält. Mir huelen also als éischt d’Drums, dono de Bass an dann d0Guitar op, also näischt wat onkonventionell ass. Mir huelen an sech sou op, wéi dat de Standard ass. Soubal d’Guitar vun engem Lidd fäerdeg ass, geet et wieder bei dat nächst Stéck. An trotzdeem gëtt et e unique Sound deen den Album zesummenhält, well mer wëssen, wéi eng Effekter benotzt ginn. Majo de Kurt ass awer vill méi kreativ nach wéi ech an huet definitiv méi Pedallen, wéi ech mer iwwerhaapt virstelle kann. Et ass wierklech hëllefräich a sengem eegene Studio ze sinn an all déi verréckten Effekter dierfen ze notzen. Hien kennt och extrem kreativ a progressiv Weeër, fir dës Effekter e notzen. Et mécht einfach Spaass dës Lidder ze huelen, déi mer sou gutt kennen a se dann duerch de Kurt säi Filter passéieren ze loossen. Et weess een ni, wat hien domadder mécht. Hien huet ëmmer eng nei Iddi, déi s de virdrun nach ni gesinn hues, scho guer net bei dengen eegene Lidder. Dat ass wierklech eng grouss Inspiratioun a gëtt de Lidder e spezielle Feeling. Hie hieft d’Demoen e ganz neie Level. Dëst ass natierlech méi wéi wëllkomm.

© Geert Braeker
Spills de léiwer Live oder gefält der d'Aarbecht am Studio besser?
Mike Sullivan: "Béid Saache kann ee praktesch net matenee vergläichen, sou ënnerschiddlech si se. Am Studio si mer scho mol vill manner dacks, wéi live op der Bün. Mir hunn deelweis honnerte Concerten d’Joer. Am Studio ze sinn ass eng speziell Zäit, et ass een nëmmen all puer Joer nees do. Et ass eng wierklech speziell Plaz. Live-Optrëtter sinn och speziell, ma et ass éischter eng Performance, et ass awer keng kreativ Plattform fir eis. Et ginn zwar hei Momenter vu Spontanitéit, ma et ass keng Plaz wou een Sound nei entdeckt an nei Iddien ausschafft. Et sinn einfach 2 komplett ënnerschiddlech Beräicher. Dat eent ass e kreative Beräich, dat anert ass de Beräich vun der Performance. Souguer d’Performance am Studio ass net dat selwecht, wéi d’Live-Show. Bei enger Live Show geet et drëms, virun engem Publik ofzeliwweren, deen dofir bezuelt huet, een ze gesinn. De Studio ass probéieren engem seng Expressioun a Sound ëmzewandelen, hei geet et drëms, Saachen z'entdecken, et mécht een et vir sech selwer. Live ass en Optrëtt, wou een ofliwwere muss an dem Publik de Sound presentéiert, deen de Publik och verlaangt. Mä déi 2 Aspekter si gutt. Studio ass méi speziell, well et manner dacks ass, bei Live-Shows hoffs de all Owend, dass de eng gutt Performance ofliwwers. Heiansdo ass een zefridden, heiansdo ass een net sou zefridde mat sengem Optrëtt. Dobäi kënnt, dass et Live ëm manner geet, mir perfomanen einfach, et musse keng Decisioune geholl ginn. No 3 Wochen Tour weess de einfach, wat s de ze maachen hues, wann s de do uewe stees. Du kucks op deng Drums, deng Guitar, an du weess einfach, wat s de ze dinn hues."
Russian Circles ass eng reng instrumentell Band, wat absolut säi Charme huet an och weist, wéi haart Musek ouni Gesang ze klengen huet. Dobäi kënnt, dass Post-Rock och traditionell éischter ouni Gesang auskënnt, hei iwwerhëlt den instrumentalen Deel dësen Deel souzesoen. Hutt dir als Band ni dru geduecht eng Kéier mat Gesang trotzdeem z'experimentéieren?
Mike Sullivan: "Sécher, et ass eppes wat dacks mol am Raum steet an och ëmmer eng Optioun ass. Zum Beispill eent vun eise Lidder gouf mat der Iddi vum Chelsea Wolf als Sängerin geschriwwen. Dat war och eng gutt Erfarung, well mer d’Lidd anescht ugepaakt hunn. Et gëtt souguer ee Lidd, wou de Brian drop séngt, dat um Album « Empros». An dat ass och ok fir eis. Wa mir e Lidd als méi staark mat Gesang ugesinn, kann een driwwer schwätzen. Op der anerer Säit, wann et e Lidd ass, wat mer live wëlle spillen, drécke mer eis meeschtens am Studio an en Eck, wou mer eis froen, wéi mer dat live eriwwer brénge sollen, virun allem wann dës Persoun déi sange soll wäit ewech nees wunnt. Mä wee wees, wat mer méi Albume maachen, wat mer och méi experimentell ginn a wat mer och méi oppe fir sou Saachen ginn. Mir hu bis ewell 8 Albumen erausbruecht, déi meescht Lidder spille mir quasi ni live. Majo fir d’Zukunft bleift dëst awer ëmmer eng Optioun."
Wéi decidéier der iwwerhaapt, wéi eng Lidder dass der spillt? Probéiert der vun all Album bëssen eppes ze spillen, oder konzentréiert der iech op 1-2 Albumen?
Mike Sullivan: "D'Grupp selwer ass dofir, fir vun allem ze spillen, also aus der ganzer Karriär. Majo mir kucken awer och, wat besser live ka gespillt ginn. Dann hues de Fans, déi verschidden Albumen natierlech léiwer hunn, wéi anerer. D’Band selwer huet sech vu Plack zu Plack weider entwéckelt, et ass ëmmer eng Schicht bäi komm. Et ass iergendwéi immens, dës al Lidder an engem neie Sound ze héieren, eeben ofhängeg dovunner, wéi ee Material mer benotzen a wéi mer performen. Et ass och erstaunlech dës Lidder, déi deels 15 Joer um Bockel hunn, mat Lidder ze spillen, déi eventuell 15 Méint al sinn. Dohier kann normalerweis all Fan bei eis op de Concert kommen an eppes ze héiere kréien, dat e misst kennen. Esou leeft dat praktesch ëmmer bei eis of an dat wäert och an Zukunft wuel net geännert ginn. An eng Partie vun eise Lidder si wéi gesot net dofir geduecht, live gespillt ze ginn. Se kéinten zwar theoretesch live gespillt ginn, ma mir hunn et awer léiwer, heavy Lidder live ze spillen. Leit déi eis live gesinn, kéinte soss e falsche «Vibe» kréien, also e Bild vun eppes, dat mer net sinn. Et ass einfach eng aner Erfarung wann een sou Lidder am Studio produzéiert an ophëlt."
Russian Circles ass vum 17. Mäerz bis den 31. Mäerz duerch ganz Europa ënnerwee, dorënner och a Géigenden, déi net wäit vum Grand-Duché sinn. All Infoen heizou ginn et hei! Et ass op alle Fall eng Erfarung, déi een als Fan vun experimenteller, méi knackeg haarder Musek sech sollt eemol undoen.