Eng Kéier bis op d'Enn vum Universum an zeréck. Dat bitt d'Stéck Alpha Cenauri dem jonke Publik an der Philharmonie un.

Wéi kléngt d'Universum? Kann een do iwwerhaapt iergend eppes héieren? Froen op déi d'Stéck Alpha Centauri versicht unhand vu Schauspill a Musek ze äntweren. De Protagonist vum Stéck huet sech iergendwou an enger ferner Galaxie verlaf a muss sech elo an de Wäite vun der Onendlechkeet erëmfannen. Elo erwaarden hien Aventuren, op déi hien de jonke Publik mathëlt.

RTL

© Philharmonie

Alpha Centauri ass e visuellt an auditiivt Erliefnis fir kleng a grouss. Wie sech der Entdeckung vum Universum gewuess fillt, kann sech den 18. Mäerz um 16:00 an den 19. Mäerz um 11:00 an um 15:00 an der Philharmonie op eng onvergiesslech Rees astellen.