Eng nei Release vun Tuys
Tuys stellen hir lescht Produktioun vir: "Reality Management Limited" ass e Museksalbum, deen och e Kuerzfilm ass.
D’Membere vun der Band TUYS hu scho viru 15 Joer als Schüler an der Lëtzebuerger Musekszeen Welle geschloe. Haut pendelen d’Kënschtler reegelméisseg tëscht Berlin a Lëtzebuerg fir un hire Projeten ze schaffen. Wierker, déi mëttlerweil wäit iwwer just Musek eraus ginn.
Zanter September huet Tuys Stéck fir Stéck hiert lescht Wierk "Realtity Management Limited" dem Public virgestallt. E Binôme, deen zwou Welte matenee verbënnt, a Museksalbum wéi och Kuerzfilm ass. Am Mäerz waren d’Artisten uechter Europa op enger eenzegaarteger Tour. D’Kënschtler hu Kinossäll zu hirer Bün gemaach, esou den Tun Biever, Gittarist vun TUYS :
Am Mee spille mer 10 Concerten duerch Däitschland an aner Länner an Europa. Ier mer normal op Tour ginn, wollte mer dem Film méi Plaz ginn. Mer hunn eis geduecht, mer maache Premièren a spille quasi d’Musek vum Film virun de Leit. Dat heescht mer stinn op der Säit vun der Leinwand oder wéi haut ënnendrënner a spille quasi de Soundtrack live.
Am Ganzen 11 Lidder sinn um Album ze héieren, deen an enger Zäit entstanen ass, déi wuel fir keen einfach war. D’Artisten hunn d’Aktualitéit vu virun 2 Joer an hirer Musek verschafft, seet eis den Tun Biever:
Fir eis ass den Album eng Diskussioun vu Realitéit. Mer hate wärend der Pandemie d’Gefill, dass alles, wat Wourecht ass, deelweis verzerrt gewierkt huet. Dat "Onwuel sinn" oder déi Absurditéit wollte mer an en Album oder e Sound paken.
Tuys Essentials
Fir 6 Tracks vum Album huet Tuys jeeweils en héichwäertege Museksvideo produzéiert. Zesummegesat erginn dës e Film, dee mat kriteschem Bléck op eist Liewen an eis Gesellschaft kuckt. De Bassist Yann Gengler gëtt Detailer :
Do geet et ëm eng Firma, déi eis och e bësse representéiere soll als Band. D’Firma realiséiert alternativ Realitéite fir frustréiert Clienten. D’Leit kënne sech wënschen, wat se wëllen a mer realiséieren dat dann.
Tuys - Yellow Ether
De leschten Deel "How to breathe under Water" kënnt den 28. Abrëll eraus. Uschléissend ass Tuys dann op Concertstour an Europa ënnerwee. Den 11 Juni stinn d’Museker zu Esch am Kader vun de Francofolies op der Bün.