D'Escher Kufa gëtt am Kader vun "We have the keys" zwou lëtzebuergesche Bands d'Schlëssele vun hirem klenge Raum. Een Owend ganz am Zeeche vum Metal.

D'Aleedung vum Owend mécht d'Lëtzebuerger Band Abstract Rapture. D'Veteranen aus der rout wäiss bloer Rockzeen sinn zanter 2001 e feste Bestanddeel vun der lokaler Metallandschaft a mat 150 Concerten, enger EP an dräi Albume Meeschter vun hirem Handwierk.

Headliner vum Owend ass déi 2018 gegrënnte Band Parity. Mat enger éischter EP, déi 2020 erauskomm an enger däitlech méi moderner Approche vu Metal, weist dës Formatioun deelweis och méi melodesch Elementer op. Mee et soll ee sech net täuschen, Parity bréngt alles mat, wat eng Metalband ausmécht a versteet et, de Publik a Beweegung ze setzen.

Fir déi jonk Band ass dëse Concert ausserdeem en Heemspill. "D'Sandra (Gesang) an ech hunn an der Vergaangenheet schonn an der Kufa geschafft a kennen déi organisatoresch ewéi och déi technesch Ekipp zimmlech gutt", erkläert eis de Ben Wilmes (Gittar), "dozou kënnt, datt Abstract Rapture och an der Kufa prouft, dohier passt dat alles ganz gutt zesummen". Eng Familiaritéit, déi esouwuel d'Initiativ We have the keys ewéi och d'Metalzeen hei am Land charakteriséiert. "Et kennt een d'Leit aus den anere Bands an et ënnerstëtzt ee sech, wou ee kann. Dat ass mat der Kufa och net anescht. Si hunn e Concert, dee se kënne proposéieren a mir eng Bün fir eis auszedrécken", fiert de Ben weider.

Metalheads aus alle Generatioune a Stiler wäerten am Kader vu We have the keys op jiddefalls op hir Käschte kommen. Tickete ginn et exklusiv sur place den Donneschden 6. Abrëll an der Kufa zu Esch.