Am Ganzen hate sech 12 Museker gemellt. Am Endeffekt konnt de Georges Sadeler mat senger Iddi iwwerzeegen.

All Joer gëtt een Opruff vum Kulturministère lancéiert, fir e Komponist ze fannen, deen e Lidd am Kader vun Nationalfeierdag schreift. D'Krittäre sinn: d'Lidd soll e festleche Stil hunn, fir e Symphonieorchester a Chouer geschriwwen an 8 bis 10 Minutte laang sinn.

Virun e puer Joer hat de Georges Sadeler sech schonn eng Kéier gemellt. Deemools ass den Optrag awer un een anere Museker gaangen. Dës Kéier konnt de Lëtzebuerger Saxophonist a Komponist sech awer duerchsetzen a krut Enn Januar d'Confirmatioun vum Kulturministère.

Dem Georges Sadeler seng musikalesch Karriär huet am jonken Alter vun 8 Joer am Solfège ugefaangen. Mat 18 ass hien dunn als Saxophonist der Militärmusek bäigetrueden an huet sech an der Tëschenzäit och ëmmer méi mat Kompositioun ausenee gesat.

2017 gouf hie beim 4.internationale Kompositiounsconcours "Artistes en Herbe" an der Kategorie "Senior" ausgezeechent. Zanterhier sinn eng Rëtsch weider Präisser nokomm, ënner anerem den éischte Präis beim "3e concours de composition pour orchestres de jeunes" (an der Kategorie B "Grade 2") zu Trento, Italien, an den éischte Präis beim internationale Kompositiounsconcours fir Orchesteren "Hymne de Valcamonica" zu Breno, Italien.

Fir säi Lidd fir Nationalfeierdag huet de Georges Sadeler sech vun der Lëtzebuerger Nationalhymn "Ons Heemecht" inspiréiert. Wéi genau hien dës a säi feierlecht Lidd agebaut huet, héiert een dann op Nationalfeierdag an der Philharmonie. E klengen Abléck gëtt et awer och elo schonn an eisem Reportage.