9 Joer no sengem éischten Album presentéiert den Elektro-Museker Fakear den 12. Abrëll säin neistent Wierk, Talisman, an de Rotonden.

"En Talisman ass eppes medezinesches, eppes heelendes. Dat ass och dësen Album vir mech",sou äntwert den Théo, deen een als Fakear kennt, op d'Fro, wat en zu deem neien Album motivéiert huet. "No all de Concerten, Projeten a Collaboratiounen, hunn ech endlech begraff wat ech brauch, a wat net. Sou konnt ech mech elo wierklech op dat konzentréiere, wat mir wichteg ass. Et huet mech un sech zeréck u meng Ufäng bruecht".

Tatsächlech wäerte Fans vum Museker Andréck a Téin aus senge fréiere Wierker erëmerkennen. Virun allem den Afloss vu japaneschen Animatiounsfilmer, notamment vum Hayao Miyazaki, sinn däitlech spierbar.

RTL

© Ella Hermë

Wat nei ass, si gewëssen assuméiert Revendicatiounen, déi den neien Album un den Dag leet. "Mir ass den Ëmweltschutz schonn ëmmer wichteg gewiescht. Mee a leschter Zäit hunn ech gemierkt, datt dat eleng net duer geet, virun allem, wann een esou vill Leit kann areechen ewéi mir Kënschtler", erkläert den Théo. An deem Sënn ass de Klimaschutz net nëmmen en Thema am Album mee en Deel dovun.

RTL

© Fakear

Am Lidd Odyssa ass deemno d'Stëmm vun der franséischer Klimaaktivistin, Camille Etienne, ze héieren. "Et soll och kee Merchandising produzéiert ginn. Well d'Produktioun vun esou vill verschiddene Produiten einfach net nohalteg ass", firt de Kënschtler weider.

Ënnert dem Stréch, liwwert de Fakear mat sengem neien Album eng angeneem Réi u Beats mat asiatesch ugehauchte Melodien, déi Amateure vun Downtempo a luesem Elektro begeeschtere wäerten. Op der Bün gëtt en ausserdeem vun enger Violonistin an enger Harfspillerin begleet. Eng analog Approche déi de Wonsch vum Kënschtler, sech ze Ierdeschen, verkierpert.

De Fakear spillt den 12. Abrëll an de Rotonden.