E Buch mat Lëtzebuerger Lidder, benannt nom "klengste Museker op der Welt"
Lescht Woch gouf zu Maacher am Stuedtheater en neit Lidder-Buch virgestallt; de Georgely.
Benannt ass et no engem ganz bekannte Lëtzebuerger Spillmann, deen am 19. an 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg gelieft a musizéiert huet. De Goerges Urwald huet zesumme mat der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an dem Institut européen de chant choral elo e Buch mat iwwer 300 Lëtzebuerger Lidder erausbruecht.
De Georgely vu Gréiwemaacher huet sech zu senge Liewenszäite selwer als klengste Museker op der Welt bezeechent. Mat senger Dréiuergel ass en uechter d'Land gefuer, vun der Oktav bis zur Schueberfouer, an huet säi Repertoire u Lidder gespillt. Fir de Georges Urwald ass dëst Lidderbuch en Hommage un e Maacher Museker.
Am Buch goufen iwwer 300 Lëtzebuergesch Lidder gesammelt, vu fréier bis haut, vun Dicks bis Tonnar. Geselleg Lidder, déi jidderee kennt a mat "Sang-Qualitéit", wie den Georges Urwald selwer seet.
Am Buch huet een niewent den Nouten an den Texter och Explikatiounen zum Vokabulär, dee besonnesch bei de ganz ale Lidder net ëmmer evident ass . Den Innec huet dann och dofir gesuergt, datt ee mat Hëllef vun enger App kann e puer Lidder lauschteren. An dat op 3 verschiddenen Niveauen. Ee Mol mat Gesang, ee Mol instrumental mat Flütt an nach eng Kéier mat Piano.
En zweete Band mat méi politesche Lidder ass dann och schonn an Aarbechet. An der Nationalbibliothéik gëtt ee méi doriwwer gewuer.