Tommy Emmanuel a Mike Dawes am Kulturzenter Op der Schmelz

Zu Diddeleng stoungen en Donneschdeg den Owend zwee vun de beschte "Fingerstyle" Gittaristen op der Bün.
De Kulturzenter Op der Schmelz stoung en Donneschdeg ganz am Zeeche vun der Gittar. De groussen Auditoire zu Diddeleng war grëndlech gefëllt.
E Pre-Act vum Mike Dawes
De Britt huet wärend enger 40 Minutten d'Introduktioun vum Owend gemaach. Mat vill Humor an Demonstratioune vu sengem Talenter huet hien de Kader gesat an d'Leit an eng labber a frëndlech Stëmmung bruecht.

Den Tommy Emmanuel
Den Tommy ass bekannt als Virtuos op der Gittar. En huet de sougenannte "Fingerstyle" perfektionéiert. Dës Aart ze spillen erméiglecht et dem Tommy Emmanuel Perkussioun, Groove wéi och Melodien gläichzäiteg op engem Instrument ze spillen.
Eege Kompositiounen an Interpretatioune vu grousse Klassiker huet de Museker zum Beschte ginn. Déi bekanntste Wierker aus sengem Repertoire sinn och net ze kuerz komm.
En Duo zum Schluss op der Bün
No 90 Minutte koum de Mike Dawes zeréck op d'Bün. Zesummen hunn déi zwee Museker dunn Kompositioune vum hirer gemeinsamer Produktioun Accomplice Series Vol. 3 gespillt.
Accomplice Vol 3
E Retour zur Normalitéit an der Kultur
Et ass fir déi zwee Museker déi éischten normal Tour no der Pandemie. Am Sall huet ee gespuert, dass d'Kultur- an d'Musekszeen no laanger Zäit endlech nees fräi vu Restriktiounen ass.
Den Interview mam Tommy Emmanuel
An engem exklusiven Interview gëtt den Tommy Emmanuel eis weider Detailer doriwwer wéi hie Lidder schreift, wat en am Laf vu senger Karriär als Museker erlieft huet a gëtt Rotschléi fir jonk Museker.