Hannert dem Mëschpult: Der Alte Jäger

© Der Alte Jäger
De Joe Gaertner ass zanter gutt 10 Joer als "Der Alte Jäger" hannert dem DJ-Pult ze fannen a mëscht mat senge Placken d'Lëtzebuerger Zeen op.
Seng Passioun fir d'Musek huet hien awer an enger Band entdeckt. Éier de Joe nämlech sech dem DJe gewidmet huet, huet hie wärend 8 Joer an enger Metall-Band gespillt. Wéi sou dacks, hu sech d'Weeër dann iergendwann getrennt.
"Ech wollt nach eppes mat Musek weidermaachen an, well ech elo net dee beschte Produzent sinn, hunn ech mir geduecht, ech fänke mol mat opleeën un", sou de Joe. "Ech hunn deemools mat Placken ugefaangen, well ech déi Zäit och nach vill Placke gesammelt hunn an esou huet dat eent zum anere gefouert."
An der Tëschenzäit leet hien net méi nëmme mat Placken op, och wann dat seng preferéiert Method fir opzeleeën ass. "Fir mat Placken opzeleeën, brauchs de nach e bëssen e gutt Gehéier, fir de 'beat matching' ze maachen. Ech fannen dat och méi interessant wéi digital Nummeren ze kucken, de BPM unzepassen an dat einfach lafen ze loossen."
Nieft dem DJen u sech organiséiert de Joe och zanter e puer Joer zesumme mat engem Kolleeg dat sougenannte "Wupp"-Event am Rocas an der Stad.
Allgemeng wieren Eventer organiséieren a produzéieren awer net onbedéngt Aspekter, déi de Joe an noer Zukunft sech géif méi maache gesinn. Um DJen u sech huet hien d'Freet awer och no 10 Joer nach ëmmer net verluer. Déi nächst Méiglechkeeten, fir hien an Aktioun mat z'erliewen, ass de 5. Mee am "Mirador" bei der 2. Editioun vum "Clinic"-Event.
Méi Informatiounen dozou a weider Datumer fënnt een op senge soziale Medien.