Metalheads opgepasst!
Petange is Metal: de Süde rockt

Den Home St. Hubert zu Péiteng verwandelt sech e Samschden (15/04/2023) erëm an e Moshpit.
Attitude Music an d'Gemeng Péiteng ginn der Metal-Zeen erëm eng Bün. Am Home St. Hubert zu Péiteng versammelt sech de Samschden (15/04/2023) Crème de la Crème vun der nationaler Metal-Community. Et dierf op Musek gerockt a gemosht gi vun:
Atomic Rocket Seeders
Tëschgas
Kraton
Blanket Hill
Scarlet Anger
Praetor
Desdemonia
an Abstract Rapture
Wien nach kee Metalhead ass, gëtt et spéitstens do.
Ticketen am Virverkaf kaschten 10 Euro (ze kréien iwwer metal@poa.lu) a 15 Euro an der Oweskeess.
D'Doors spillen zwar net, mä ginn um 15:00 op.
Am meeschte gelies