"REALTALK" vum Turnup Tun

© Versavia Peckels
Den Tun Tonnar, och bekannt als Turnup Tun, mellt sech den 28. Abrëll zeréck mat sengem fënneften a bis elo perséinlechsten Album.
"REALTALK" ass eng Kollektioun vun 11 Lidder an erfëllt genee, wat den Titel versprécht. De Sänger, Museker a Produzent hëlt kee Blat virun de Mond - au contraire, et kritt een e ganz perséinlechen Abléck a seng Gefillswelt an Erfarungen.
"REALTALK ass vill méi perséinlech, wéi all meng vireg Alben", sou den Tun. "Ech hunn einfach een Album gemaach, deen ech gäre lauschteren an net een Album, bei deem ech driwwer nogeduecht hunn, ob e gutt bei de Leit ukënnt. Meng Approche war och vill méi konzeptuell dës Kéier. Ech hunn deelweis schonn Alben erausbruecht, wou ech zum Beispill all d'Lidder, déi zu enger Thematik gepasst hunn an déi ech ronderëm leien hat, einfach op een Album gepak hunn, mä wou elo net wierklech e Konzept dohannert war, mä bei REALTALK war dat anescht. Et geet drëms iwwer déi Saachen, ze schwätzen, déi mech beschäftegen, ëm meng Problemer, a bei där Konversatioun 100 Prozent éierlech ze sinn, mat aneren awer och mat sech selwer."

© Tun Tonnar
Ënnert den 11 Lidder, déi dësen Album ausmaachen, sinn eng Partie, déi am Virfeld schonn als Single erauskoumen, zum Beispill "Mamacita", "Nach e Kuss", "Hook" wat a Kollaboratioun mam Skinny J entstanen ass, oder och "Camouflage", op deem den CHAiLD fir d'éischte Kéier op Lëtzebuergesch gesongen huet. Mat um Album sinn awer och eng ganz Partie komplett nei Lidder, ewéi zum Beispill dat éischt Lidd: "Stratosphär".
"Stratosphär ass dat éischt Lidd, wat ech fäerdeg hat, dofir huet sech dat sou ugebueden", sou den Tun. "Ech fannen awer och, dass d'Lidd eng gutt Aleedung an den Album ass, well et drëms geet, sech ze verléiwen an allgemeng den Ufank vun eppes thematiséiert, an dofir ass d'Lidd dann och den Ufank vum Album ginn."
Besonnesch eraus stécht awer dat lescht Lidd vum Album an dat net nëmme wéinst senger Längt. A 6:44 Minutte touchéiert den Tun ënnerschiddlech Themen, déi e gréisseren Impakt op säi Liewen hunn an haten, ewéi zum Beispill, Selbstsécherheet, Léift a Gewiicht.
"Ech wosst schonn ëmmer, dass ech iergendwa misst e Song schreiwen, wou ech op mäin Iwwergewiicht aginn an all déi 'Struggles', déi ech doduerch hat, sief et vu Mobbing a menger Kandheet, bis 'fat shaming', wat ech bis elo nach materliewen, well zum Beispill, verschidde Rapper mengen, si missten ee fett nennen oder iergendwellech Kommentare maachen. Ech mengen, dat war och den Ausléiser fir dee Song ze schreiwen", zielt den Tun.
"Ech hunn ugefaangen d'Lidd ze schreiwen, wéi ech Corona hat an dowéinst a Quarantän misst bleiwen, amplaz mat menge Kolleegen a Spuenien ze fléien, mä ech hunn de Song réischt 6 oder 7 Méint méi spéit fäerdeg geschriwwen, wéi ech erëm eng Kéier richteg frustréiert war mat mir selwer, awer och domat, dass Leit mengen, an der Ëffentlechkeet mussen doriwwer ze kommentéieren. Et ass fir mech ganz emotional a schwéier gewiescht, fir esou éierlech mat mir selwer ze sinn, dat dann nach opzehuelen an ëmmer erëm ze héieren, well du lauschters dat jo dann ëmmer rëm, an ëmmer rëm kriss du vun dir selwer gesot, wat de Problem ass. Dat hëlt dat Ganzt op e ganz neie Level einfach."
Den 3. November kënnt dann och schonn dem Tun säin nächsten Album. "Den zweeten Album geet stilistesch an thematesch e bëssen an eng aner Richtung, dofir kënnt dee Broch, mengen ech, och zimmlech gutt."