Clierf feiert d'Trombonne an en neie Concours
Am Kader vum klenge Maarnecher Festival gouf d’Michel Becquet International Trombonn-Competitioun an d’Liewe geruff.
Benannt gouf déi nei Competitioun nom franséischen Trombonist Michel Becquet, deen och d’Jury vun dëser éischter Editioun presidéiert. Niewent dem Optrëtt vu jonken Talenter soll och d’Instrument u sech am Virgrond stoen.
Nodeems sech iwwer 100 Kandidaten aus bal 20 Länner gemellt haten, stinn der elo 42 an der Competitioun. Och e Lëtzebuerger huet et an déi enk Auswiel gepackt, nämlech de Marc Cesarini.
No den éischten Auditioune ass e Samschden (15. Abrëll 2023) d’Halleffinall am Lycée Edward Steichen zu Clierf. E Sonndeg, de 16. Abrëll ass dann déi grouss Finall an d’Remise de Prix am CUBE 521 zu Maarnech. D’Opféierunge si gratis fir de Publik zougänglech.