Wéi et vu senger Famill géintiwwer verschiddene Medien heescht, soll den Ahmad Jamal e Sonndeg un de Folge vu Prostatakriibs gestuerwe sinn.

Den Jamal war mat Bekanntheeten aus der Jazzmusek wéi dem Miles Davis befrënnt an huet eng ganz Rei Artiste beaflosst.

Wärend senger 70 Joer laanger Karriär konnt hie vill Präisser gewannen, ënnert anerem 2017 e Grammy fir säi Liewenswierk. Mat sengem extrem erfollegräichen Album "At the Pershing: But Not for Me" vun 1958 konnt hie sech méi wéi 100 Wochen an den US-Billboard-Charts halen.