Tickete verspillt: De Pierre R. geet d'Ellie Goulding kucken a lauschteren

© AXEL HEIMKEN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Mat hirer "Higher than Heaven"-Tour kënnt déi brittesch Sängerin fir eng weider Kéier op Lëtzebuerg.
Fir d'lescht stoung d'Ellie Goulding 2016 hei zu Lëtzebuerg op der Bün, antëscht ass si zu nach engem méi groussen, weltbekannte Popstar geräift an ass un der Spëtzt vum Mainstream-Pop ukomm.
Hiren Debut hat d'Sängerin mat der Sopran-Stëmm mat Lights" am Joer 2010 an zanterhier geet et just biergop. 2012 koum den Album "Halcyon" an 2015 dunn den drëtte Studioalbum "Delirium". Mat "Brightest Blue" huet déi zweefach Brit-Award-Gewënnerin hiren drëtten Nummer-1-Hit a Groussbritannien erreecht.
Elo ass si nees zeréck op der Bün mat hirer Tour "Higher than Heaven" a mécht deemno och nach emol e Stopp am Atelier an der Stad.
De Concert war ganz séier Sold Out. Ëmsou méi dierf sech deemno de Pierre R. vu Miersch freeën, dee bei eisem SMS-Spill matgemaach hat.
Mir wënsche vill Spaass!
Méi Informatioune fannt Dir um Site vum Atelier.