Lëtzebuerger Museker iwwer hir Erfarunge mat Diskriminatioun
A reegelméissegen Ofstänn organiséiert de Schülercomité vum Lycée Nic Biever den LNB Talk, eng Diskussiounsronn mat Invitéen an ënnerschiddlechen Themen.
An dësem Kader goufen d'Nicool, den CHAiLD, de Maale Gars an de MAZ invitéiert, fir iwwer d'Diskriminatioun an der Musek ze schwätzen.
Musek begleet eis alleguer am Alldag: moies um Wee fir op d'Aarbecht, wärend dem Sport oder ënnert der Dusch. Allze dacks ass engem allerdéngs net bewosst, wat een do lauschtert. D'Melodie gefält engem, mee d'Texter sinn net ëmmer esou schéin. Virun allem am Hiphop si fraefeindlech Lyrics keng Raritéit.
Am Däitschrap muss een net laang sichen, fir Aussoe wéi "Eine Frau bleibt auf Ewigkeit ein Gegenstand" oder "Baller der Alten die Drogen ins Glas, Hauptsache Joe hat sein Spass" ze fannen. Do stellt sech d'Fro: Ass dat Diskriminatioun oder gehéiert dat zur Konschtfräiheet? Dozou huet de MAZ eng kloer Meenung:
"Ech fannen hautdesdaags ass ee fräi, alles ze soen. Ech fannen et awer och wichteg, dass ee Konsequenze spiert, wann een Haass verbreet. Haass ass keng Meenung. Haass ass Haass. Ech fannen, dass een do schonn oppasse muss an, dass dat och richteg ass, dass do Leit hannerfrot ginn an hir Aussoen hannerfrot ginn. Wann ee ganz aktiv Leit mat sengen Texter schuede wëll, da fannen ech dat falsch an ech fannen net, dass dat ënner Konschtfräiheet fält."
Wärend der Aarbecht um Lidd "Lausbouf", ass de Maale Gars och schonn a Kontakt mat dëser Thematik komm. "Do souze mer do als Jongen an hunn eis gefrot: Wat ass dann elo offensive fir Fraen? An do si mir op de Punkt komm, dass dat net eis Entscheedung ass. Mir musse Frae froen an dunn hu mir dat un 30, 40 Frae geschéckt. Mir soten eis mir kënnen dat net erausbréngen, esou laang sech iergendeen nach diskriminéiert fillt an dunn hu mer et ëmmer nees iwwerschafft."
D'Nicool huet op der Première ugefaangen, Musek ze maache wa si net schlofe konnt. Allgemeng huet si sech an der männerdominéierte Musekszeen gutt opgeholl gefillt. Ma d'Medailen huet zwou Säiten. "Et ass sécher wouer, dass ech deel gebucht ginn, well ech eng Fra sinn, well déi Statistike wichteg sinn. Anerersäits weess ech, dass ech vill dofir gemaach hunn. Ech weess, dass ech déi Aarbecht geleescht hunn, fir do ze sinn, wou ech haut sinn.”
Änlech ewéi d'Nicool huet och de CHAiLD haaptsächlech positiv Erfarunge mat der Musekszeen zu Lëtzebuerg gemaach. Als homosexuelle Mann weess hien allerdéngs, dass dat fréier net onbedéngt esou gewiescht wier. "Ech denken u Leit wéi den George Michael, déi gesot kruten, wa Leit wëssen, dass du homosexuell bass, dann ass deng Karriär fäerdeg.”
Konscht däerf provozéieren. Allerdéngs kann ee jo och op eng positiv Aart a Weis provozéieren. De MAZ stécht mat sengem Stil aus der Mass eraus, mee diskriminéiert kee mat sengen Texter. Net jidderee mécht sech esouvill Gedanken iwwert seng Texter, ewéi déi véier Kënschtler an eisem Reportage. Schlussendlech ass et jidderengem selwer iwwerlooss, wat e lauschtert a wat net. Géigesäitege Respekt sollt awer net ze kuerz kommen.