Den e-Lake steet virun der Dier a wéi all Joer ginn um Site direkt nieft dem Iechternacher Séi op 3 Deeg 3 verschidde Museksrichtunge gespillt.

De musikalesche Programm vum zweeten August-Weekend steet fest a wéi gewinnt, gëtt een nees verwinnt mat internationalen an nationale Kënschtler. Och fir déi 26. Editioun huet een op déi bewäerte Mëschung mat verschiddene Museksstiler wéi Electro, Rock, Pop bis hin zu Hip Hop gesat.

Fir waarm ze ginn, gëtt e Freideg 11. August eng grouss Palett un nationalen an internationalen Headliner gebueden. Mat um Start sinn do grouss Nimm wéi Kaffkiez, Grossstadgeflüster, Chefket, oder nach de Läb. Als Special Act stinn nach déi véier Songwriter Daniel Balthasar, Eric Rosenfeld, Jimmy Leen an David Moreira fir eng eenzegaarteg Show op der Bün.

E Samschdeg gehéiert dann, wéi gewinnt, nees de Fans vun der elektronescher Musek. Op zwou Büne bréngen deemno DJs d'Leit zum Danzen a Feieren. Hei bréngen den hollänneschen DJ Ferry Corsten, den ägypteschen Duo Aly & Fila, Mark Sixma a Waztoo de Site ronderëm de Séi vun der Abteistad zum Kachen.

Ofgeronnt gëtt de ProgramS sonndes den 13. August nach mat nationale Kënschtler um Familljendag. Nieft Concerte vu Schëppe Siwen, The Cookies, Drop & Dowidder an dem éischten Optrëtt vum Kultmuseker Mambo Schinki an den DJ-Legenden Dr.gonZo und DJ DEE! ass um Owend da wéi gewinnt de groussen Ofschloss vum Festival-Weekend.

Wéi déi Jore virdru ginn et och nees eng jett Iess- a Gedrénksstänn an der "Yummy lane" an e Vidange-System op alleguer de Gedrénksbecheren. Et hätt ee sech hei och en neit Konzept ausgeduecht, fir e verbesserte Service a méi kuerz Waardezäiten. De Cashless-System soll dat nach ënnerstëtzen. Och de Bus- a Shuttleservice gouf optiméiert an et gëtt wéi gewinnt nees e Camping-Terrain.

Den Entrée ass ewéi all Joer fräi.

RTL