Zweet Editioun vum "Catch Music Festival"
De Festival, deen Kammermusek nees un d'Dagesuerdnung bréngt, geet vum 4. bis de 6. Mee zu Bouneweg an déi zweet Editioun.
Vum Wolfgang Amadeus Mozart bis hin zum John Cage mat engem Tëschestopp a Kandheetserënnerunge mam Segei Prokofiev sengem "Pier an de Wollef", de Repertoire vum Catch Musek Festival ass esou räich an divers wéi de Quartier, an deem hie sech néiergelooss huet.
Als Bün fungéiert d'Bouneweger Kierch, déi de Wierker duerch hiren Hall eng ganz eege Dimensioun verschaaft. Ma och am Café Courage, de soziale Bistro vun der Caritas, ass de 4. Mee um 11 Auer eng Virstellung virgesinn.
Ganz egal also wéi al, wéi musek-affin een ass oder aus wéi engem sozialen Ëmfeld ee kënnt, de Catch Musek Festival bitt jidderengem d'Geleeënheet, sech mat Kammermusek ausenaner ze setzen oder sech einfach nëmme vun hir droen ze loossen.
De ganze Programm souwéi d'Billetterie fënnt een um Site catchmusic.lu