De Veräin féiert säi 50. Anniversaire
Mat engem ganz besonnesche Concert hunn de Veräin vun den Haupeschbléiser de Public begeeschtert
A voller Montur an traditionell mam Réck zum Public hunn d’Haupeschbléiser an der gutt gefëllter Kierch d’Leit begeeschtert. A Begleedung der Luxembourg Pipe Band an der Uergel hunn d’Museker gewisen, wat se kënnen.
Fréi am Liewen huet de President Guy Wagner, seng Léift fir dat besonnescht Instrument entdeckt. Mat senge véier an engem hallwe Meter längt, der uniquer Tounfaarf an der laanger Geschicht huet d’Trompe d’Orléans fir hien eraus gestach.

De Louis XIV an de Louis XV sinn deemools op d’Juegd gaangen. Si hunn dem Marquis de Dampierre den Optrag ginn, en Instrument ze entwéckelen. Den Zweck vum Instrument war, dass se wossten, wa se engem Wëllschwäin oder engem Hirsch nogeridde sinn, wat et ass, erkläert eis de President a Fondateur vun den Trompes de Chasse Saint Hubert de Luxembourg Guy Wagner.
D’Form vum Instrument huet sech zanterhier net verännert, ma mat der Entwécklung vu bessere Materialie sinn d’Méiglechkeete vum Spill gewuess. D’Kommunikatioun op der Juegd huet der Musek Plaz gemaach.
Mer kënnen zum Beispill elo an enger Kierch den Ave Maria spillen. Och Halleftéin si méiglech, wou een den Toun «bouchéiert». Dat heescht, mer kënne Ganz- an och Halleftéin spillen. Dat heescht, dass mer am Fong alles spille kënnen, seet eis de Guy Wagner.

2020 ass d’Spill um Instrument, an d’Aktivitéite ronderëm op d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO gesat ginn. De Guy Wagner ass houfreg, wann en zeréckkuckt, wéi et 1973 ugefaangen huet : Do hu mer einfach ugefaangen ze spillen. Mer sinn a Stage gaangen op St. Hubert an op aner Plazen. Do hu mer geléiert, richteg ze spillen a mer sinn op Concourse gaangen. Haut si mer zu 20 Bléiser, d’Ekipp ass richteg gewuess a mer sinn eng vun deene gréissten a performantsten Equippen am Benelux.
D’Museker hunn de Concert och genotzt, fir sech fir den internationale Championnat vun den Haupeschbléiser ze preparéieren, op deem all Joer de Beschte vun hinne gekréint gëtt. Säit laange Jore sinn d’Lëtzebuerger Vizechampion, ma se hoffen drop, dëst Joer den Titel ze huelen.
