Eng Famill, déi bis elo keng Emissioun vum Eurovision Song Contest verpasst huet

Déi lescht Woch huet RTL bei engem Quiz 15 Froe ronderëm den ESC gestallt.
Vill Leit déi online matgespillt hunn wossten d’Äntwerten, eng Famill ass vu RTL ausgeloust a mat enger Corbeille iwwerrascht ginn.
Reaktioune vu Liverpool
Hei nach eng Kéier d'Froe vun eisem Quiz*
- Wéi vill Länner hunn 1956 beim alleréischte Grand Prix zu Lugano matgemaach?
7 / 10
- D'Erkennungsmelodie vun der Eurovisioun ass en Deel aus engem Wierk vun engem franséische Komponist aus dem Barock. Säin Numm?
Marc-Antoine Charpentier / Jean-Philippe Rameau
- 1960 huet de Camillo Felgen zu London eng 1. Kéier a Lëtzebuerger Sprooch gesongen. Wéi war den Titel vum Lidd?
So Laang We's Du Do Bast / Ech Wärt Dech Niimols Vergie'ssen
- Wéi eng Länner konnten den ESC nach ni gewannen?
Lettland & Griicheland / Litauen & Zypern
- 2 vun deene 5 Interpreten, déi fir Lëtzebuerg gewanne konnten, hunn eist Land eng 2. Kéier beim ESC vertrueden:
Vicky Leandros & Jean-Claude Pascal / Anne-Marie David & Corinne Hermes
- Irland konnt den ESC 3 mol hannertenee gewannen. Wéini ass dësen "Hattrick" gegléckt?
1980-1982 / 1992-1994
- 1973 konnt Lëtzebuerg säin Titel heiheem verdeedegen. Wien huet deemools am Groussen Theater moderéiert?
Désirée Nosbusch / Helga Guitton
- Zanter 2012 gëllt dës Reegel: Et dierfen héchstens ? Persounen op der Bün matwierken:
6 / 8
- Wéi heeschen 2 ESC-Gewënnertitelen?
Rock me & Why me / Tell me & Hold me
- Wéi eng international Gréissten hu schonn mol eng Kéier fir Lëtzebuerg beim ESC gesongen?
Baccara & Lara Fabian / Pussycat & Céline Dion
- 1980 war eng eenzeg Kéier en nordafrikanescht Land beim ESC mat dobäi. Wéi eent?
Marokko / Tunesien
- Wéi eng 2 Länner hunn nach ni beim ESC matgemaach?
Andorra & Monaco / Liechtenstein & Kasachstan
- Viru 50 Joer konnt d'Anne-Marie David mat "Tu te reconnaîtras" fir Lëtzebuerg gewannen. Mat wéi vill Prozent (ESC-Rekord) vun alle méigleche Punkten?
74,46% / 80,63%
- 1969 goufen direkt 4 Länner zum Gewënner deklaréiert. Frankräich, Groussbritannien, Holland an:
Italien / Spuenien
- 1965 konnt d'France Gall zu Neapel eng 2. Kéier fir eist Land gewannen. Wien huet "Poupée de cire, poupée de son" komponéiert?
Jacques Dutronc / Serge Gainsbourg
*Déi richteg Äntwerte si Bold geschriwwen