A ronn zwou Wochen ass ee vun de gréisste Festivalle bei eisen däitschen Noperen. Erwaart ginn iwwer dräi Deeg 160.000 Visiteuren. Ma dat ass net alles...

Rieds ass vum "Rock am Ring"-Festival um Nürburgring vum 2. bis de 4. Juni. Ma dëse Festival kënnt net eleng, mat am Gepäck ass dee selwechten Datum och de "Rock im Park" um Zeppelinfeld zu Nürberg.

Op béide Festivalle fënnt een op den dräi Deeg op iwwer dräi Bünen, genannt "Utopia", "Mandora" an "Orbit", iwwer 70 Bands

E Freideg geet et "am Ring" lass um 13.45 Auer mat "Flogging Molly" als eng vu siwe Bands. Da stinn um 17.30 Auer "Yungblud" op der Bün, dono kommen nach Limp Bizkit, Rise Against an als Headliner d'Foo Fighters um 22.45 Auer. Op der "Mandora"-Bün gesäit een ënner anerem Badmómzjay, Giant Rooks oder nach Apache 207 um 0.45 Auer.

A sou geet et de ganze Weekend weider. Um Line-up stinn nach Nimm wéi Kontra K., Bring Me The Horizon, Incubus, Papa Roach, Machine Gun Kelly, Die Toten Hosen, Thees Uhlmann, Evanescence, Sum 41 an nach vill méi.

Detailer ginn et och bei de Kolleege vum RTL Today.

Line-Up