D'MIL asbl invitéiert no der Pandemie nees op Concerten
Eventer fir Leit mat an ouni Demenz
D’Diagnos Alzheimer ass en haarde Coup fir Patienten an hir Famill. Betraffe Leit gi mam Progrès vun der Krankheet an der Reegel ëmmer manner selbststänneg a kommen deementspriechend just nach seele virun d’Dier. Dat muss awer net esou sinn. D’MIL asbl schaaft e séchere Kader, dass Leit, déi un Alzheimer erkrankt sinn, zesumme mat der Famill weiderhi Kultur erliewe kënnen.
Schick ugedoe Museker sange Lëtzebuerger Lidder a loossen esou gëllen Zäite fir en eemolege Public erëm opliewen. D’MIL asbl organiséiert kulturell Evenementer fir Leit mat an ouni Demenz. Der Presidentin Dani Jung hire Papp war selwer un Alzheimer erkrankt. Mam Progrès vun der Krankheet an dem eventuell falsche Behuele wat domadder ervir geet, ware Concerten oder e Besuch am Theater du leider net méi méiglech. Dat war fir di ganz Famill immens schued.
Dunn hunn ech mer gesot, dass et wierklech wichteg ass, fir Plazen ze schafen, wou d’Famill mat hire Leit, déi eben un Demenz erkrankt sinn, kënnen higoen, wou se sech wuel fillen. Wou se gutt encadréiert sinn a wou op hir spezifesch Besoinen agaange gëtt, seet eis d'Dani Jung. D'MIL asbl wëll och Saachen ausserhalb vun den Heemer organiséieren.
An den Heemer gëtt natierlech och Kultur ugebueden, dat ass immens wichteg a richteg esou. Do gëtt et och Associatiounen, déi dëst ubidden. D'Zil vun der MIL asbl ass awer fir d'Leit op Kulturprojeten ausserhalb z'invitéieren. An Theateren, a Kulturhaiser, wou ee sech och schéin dofir undoen a sech drop freeë kann. Esou gëtt dat Ganzt zu engem richtegen Erliefnis. Et ass wichteg a schéin, wann een eppes plange kann, wou een zesummen eraus geet. De Veräin ass sech natierlech bewosst, dass et leider net fir jiddweree méiglech ass, eraus ze goen. Si bidden hir Eventer deene Leit u wou dat eben nach geet.

Zanter 2019 setzt de Veräin sech fir de gudden Zweck an. Wärend der Pandemie hu se sech zum Schutz vun den eelere Leit zeréckgehalen. Anstatt op Concerten ze invitéieren, hu se e Lidderbuch mat DVD erausbruecht, fir de Programm esou ouni Interaktioun un d’Leit ze bréngen. No der Paus si se frou, mat neien Iddien erëm lass ze leeën.
Eng vun den Neiegkeeten ass, dass d’Concerten elo vun Dänzer begleet sinn, déi den direkte Kontakt mam Public sichen. D'Dani Jung gëtt Detailer: Bei Leit mat Demenz ass et wichteg, fir ze kucke wéi hir Stëmmung ass. Wou se grad sinn a fir se dann do ofzehuelen. Ech mierken ëmmer erëm, dass grad dat immens Freed mécht.

Um Programm sti grouss Klassiker aus der Lëtzebuerger Chanson, éi vum Georges Urwald zu Medleyen zesummegesat gi sinn. Déi Lidder, déi d'Leit an hirer Jugend gesongen hunn, déi sëtzen immens déif am Gediechtnes fest. Do gesinn ech, dass déi Leit, déi Texter nach matsangen. Och wa se soss Schwieregkeeten hunn, fir sech ze erënneren oder fir eppes zum Ausdrock ze bréngen, déi Texter an déi Melodien, déi sëtzen. Dat ass esou an den Déifte vun der Memoire verankert, dass een d'Leit doriwwer nach erreecht. Dat ass eng vun de schéine Missiounen un dësem Projet, seet eis de Georges Urwald.

Déi éischt zwee Eventer vum Joer waren e grousse Succès. De Veräi freet sech, dass den Neistart nom Covid esou gelongen ass an hofft, doropper opbauen ze kënnen.
Mer hunn Ufroen, fir d’Concerts-Rei ze spillen, esou dass mer eis och dorëms këmmeren an ech hoffen an denken, dass mer och reegelméisseg am TNL de Programm wäerte weisen, freet sech d'Dani Jung.
Nieft dëse Projeten huet d'MIL asbl och schonn zanter laangem d'Iddi, en "Demenz Chouer" op d'Been ze setzen. Dat soll ganz inklusiv ginn, dass d'Leit do kënnen zesummekommen, a sangen an hir Gefiller iwwert de Gesang ausdrécke kënnen.
Et si Mëtteger mat vill Häerz a Passioun, déi all d’Sënner stimuléieren. Eng perfekt Geleeënheet fir betraffene Familljen eppes zesummen ze erliewen.
Hei geet et op d'Säit vun der MIL asbl.
