Fir eng jonk franséisch Musekerin, déi net wäit ewech vu Lëtzebuerg kënnt, ass den Dram vun enger grousser musikalescher Karriär an Erfëllung gaangen.

Geschwë steet si och zu Lëtzebuerg op der Bün.

DOMi & JD Beck, esou nennt sech déi nei Jazz-Fusion-Sensatioun. E Grupp, deen aus dem Domitille Degalle an dem JD Beck besteet. Si ass Keyboarderin an huet 22 Joer, hien ass Batteur an huet réischt 18 Joer. An hirem jonken Alter hunn déi zwee Museker scho villes opweises. Zwou Nominatioune bei de Grammy Awards a Kollaboratioune mat ënnert anerem dem amerikanesche Rapper Snoop Dogg oder och mam Bruno Mars.

Ugefaangen huet alles am Conservatoire zu Nanzeg, op d'mannst fir d'Franséisin Domitille Degalle. De Pianist Pierre-Alain Goualch war ee vu senge Proffen. Eigentlech war dem Domi säi Brudder Noé dem Pierre-Alain Goualch säi Schüler. Ma d'Potential vum jonke Meedche wier him nom éischte Kenneléieren direkt opgefall. An hien hat Recht. Mam Bac an der Täsch a 4 Diplomer vum Conservatoire, geet et fir d'Domi weider op Paräis, wou si vun enger Delegatioun vum prestigiéise Berklee College of Music vu Boston entdeckt gëtt. Eng Bourse vum President Obama erméiglecht den American Dream.

“Ça s'est très bien passé là-bas dès les premiers jours, elle s'est fait remarquer aussi par des élèves, de nouveaux camarades qui venaient de rentrer aussi qui l’ont filmée en train de jouer et ses vidéos sont devenues virales en millions de vues très très vite.”

Haut spillen DOMi & JD Beck op gréissere Bünen, wéi zum Beispill um weltwäit bekannte Coachella Festival. E grousse Moment fir déi jonk Museker, déi souguer dem Dave Grohl vun de Foo Fighters opgefall sinn, erzielt d'Domitille.

“On a joué aujourd'hui et on s'était promis qu'on allait rentrer à Los Angeles - c’est à deux heures - tout de suite après avoir joué. Et évidemment, on a rencontré (...) Dave Grohl. Il nous a un peu kidnappés. Là, on sort à peine de Coachella.”

Zu Lëtzebuerg war d'Domi réischt eng Kéier, mat 12 Joer, wou si hire Proff op engem Optrëtt ersat huet. Mat hirer eegener Formatioun DOMi & JD Beck kënnt si den 1. Juni zréck an de Grand-Duché. An der Rockhal kann ee sech da selwer e Bild vun dësen aussergewéinleche Musekstalent maachen.