De Clint Eastwood ass deene meeschte Leit e Begrëff: als Schauspiller an Regisseur vu Filmer. Manner bekannt ass säi Fils de Kyle Eastwood.

Deen huet sech an der Jazz-Zeen en Numm gemaach. De Kyle huet sech mam Lëtzebuerger Gast Waltzing zesumme gedinn, fir d’Musek aus sengem Papp senge Filmer ze verjazzen. Wéi dat sech unhéiert, konnt een an der Philharmonie erfueren. De Régis Thill war fir eis an d’Generalprouf an huet mat deenen 2 Museker geschwat.

Wann ee sech d'Filmmusek am Clint Eastwood senge Filmer ukuckt, da fënnt een do di grouss Nimm, di grouss Komponisten vun Filmmusek erëm. John Williams, Lennie Niehaus , Ennio Morricone , fir der just e puer ze nennen.

Am Kyle Eastwood sengem Projet goung et drëm d'Musek aus sengem Papp senge Filmer nei ze interpretéieren. Dat heescht och nei ze arrangéieren. An do kënnt de Gast Waltzing an d'Spill

Melodien ze arrangéieren, déi jiddereen aus de Filmer kennt an déi vu Staren aus der Branche geschafe goufen, ass eng delikat Affär. Einfach e bëssen ëmänneren geet net, well dann hätt ee besser d'Original ze lauschteren. Genuch verfriemen a gläichzäiteg genuch am Hannergrond loossen, dat ass di ganz Konscht.