An de Rotonden dréint sech de Weekend alles ëm "Street Photography"
E Genre an der Fotografie, deen immens beléift ass a vu senger Spontaneitéit lieft. Mam Light Leaks Festival kann een hei eng grouss Kollektivexpo gesinn.
De Festival ass awer méi wéi just eng Ausstellung.
Ëm di 20 lokal Fotografe stellen an der Rotonde aus a weise wéi villfälteg de Genre vun der Street Photography ass. De Light Leaks Festival wëll awer net just Fotoen ausstellen, ma et ass e Festival, deen aktiv Echangen, Workshoppen a Participatiounen ubitt.
Paul Bintner vum Streetphotography Luxembourg Collective: "D’Leit kënnen heihinner kommen a selwer Deel huelen. Si kënnen Deel vum Festival gi wéi zum Beispill bei der Open Wall, wou ee seng Fotoe kann ophänken oder si kënnen hir Fotoe vun eisen internationale Fotografen oder Membere vum Kollektiv analyséiere loossen."
Nei ass dann och dëst Joer, dass den Numm vum Festival geännert huet. Wou e virdrun als Street Photography Festival bekannt war, ass den Numm elo op Light Leaks geännert ginn, fir sech méi ervir ze hiewen. An och d’Expo ass op de Parvis vun de Rotonden erweidert ginn.
"Et ass di éischte Kéier, datt d’Expo um Parvis ass an hei gesäit ee bekannte Fotografen, di och scho vill Präisser gewonnen hunn, dorënner den Tatsuo Suzuki, deen an Asien ganz bekannt ass an deen och elo extra aus Japan fir de Festival heihi komm ass."
Et si Geschichten aus dem Alldag a Momentopnamen, déi hei duerch d’Ae vun de Fotografen erzielt ginn, sief et an der Dokumentarfotografie oder och am Fotojournalismus. Geschichten, déi um Festival verschidde Formen unhuelen.
"Bei eise Workshoppe kann ee selwer léieren oder seng éischt Schrëtt an der Street Photography maachen. An dann eisen zweete Schwéierpunkt, dat sinn d’Konferenzen, wou bekannte Fotografen erkläre wéi si schaffen a wéi eng Technike si benotzen."
Um Samschdeg kann een un de Konferenze vun de bekannte Fotografen Tatsuo Suzuki a Graciela Magnoni deelhuelen an di ganz Programmatioun vum Light Leaks Festival leeft nach bis den 21. Mee an de Rotonden.