"Perfekt Missioun"Artemis-II-Astronaute sinn no Tour ronderëm de Mound zeréck op der Äerd

RTL Lëtzebuerg
D'Orion Kapsel mat de véier Crew-Memberen ass wéi geplangt virun der kalifornescher Küst am Pazifeschen Ozean gelant.
Die Astronauten der Artemis-2-Mission sind nach der erfolgreichen Mond-Umrundung zurück auf der Erde. Die Orion-Raumkapsel mit der vierköpfigen Crew an Bord landete wie geplant vor der kalifornischen Küste im Pazifischen Ozean.
D’Orion Kapsel mat de véier Crew-Memberen ass wéi geplangt virun der kalifornescher Küst am Pazifeschen Ozean gelant.
© NASA/AFP

Si hunn nees séchere Buedem ënnert de Féiss. D‘Artemis-II-Crew ass no zéng Deeg am All zeréck op der Äerd. D‘Landung am Pazifik no der historescher Ëmkreesung vum Mound ass gegléckt.

Déi véier Astronauten u Bord vun der Orion-Kapsel ware wéi geplangt géint 2 Auer eiser Zäit zeréck, huet d‘Raumfaart-Autoritéit Nasa matgedeelt.

Spezialunitéite vun der Nasa an dem US-amerikanesche Verdeedegungsministère wäerten der Crew aus der Kapsel hëllefen, se op e Schëff an dann zeréck op Houston bréngen, heescht et.

De Retour war alles anescht ewéi onkomplizéiert. Fir zeréck an d‘Atmosphär vun der Äerd hate si eng Vitess vun 38.000 Stonnekilometer drop an d‘Raumschëff war Temperature vu méi ewéi 2.800 Grad Celsius ausgesat. D‘Protektioun vun der Kapsel war un hir Grenze gestouss. D‘Kommunikatioun tëscht Astronauten an Zentral war fir sechs Minutten ënnerbrach.

Wärend hirer Rees huet d‘Crew eng Distanz vun 2,3 Millioune Kilometer zeréckgeluecht. Déi véier Astronaute ware ronderëm de Mound geflunn a ware mat Amenter esou wäit fort vun der Äerd, ewéi nach keen anere Mënsch virdrun. Si hunn domat de Rekord vun der Apollo-13-Missioun geknackt. 1970 war dat Raumschëff 400.171 Kilometer vun der Äerd fort. D‘Artemis-2-Crew huet et op iwwer 406.000 Kilometer gepackt.

Den Nasa-Chef Jared Isaacman huet vun enger “perfekter Missioun” geschwat.Den US-President Donald Trump huet d‘Astronaute gelueft. Als US-President kéint hien net méi houfreg sinn.


Back to Top
CIM LOGO