
Eng Policepatrull war op een Auto opmierksam ginn, deen an der Géigend vun engem Busarrêt stationéiert war an un deem direkt e puer Mängel ze gesi waren. Wou d’Beamten de Won grad iwwerpréift hunn, ass de Chauffer zeréck bei den Auto komm. Hie war offensichtlech net frou, d’Beamten ze gesinn an huet sech dem Policebulletin no “onkooperativ” gewisen.
De Mann wier an den Auto geklommen an hätt probéiert fortzefueren. Wéi d’Beamte probéiert hunn, hien dorun ze hënneren, wier “de Chauffer géint d’Bee vun engem Beamte” gefuer, heescht et vun der Police. De Chauffer konnt dunn awer dru gehënnert ginn, weiderzefueren, an et gouf ee Protokoll wéinst Rebellioun géint hien ausgestallt.
D’Police mellt dann och nach ee Fall vun Alkohol hannert dem Steier e Freideg den Owend zu Nidderkuer. Géint 19.30 Auer ass de Beamten en Auto opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war. D’Police huet de Chauffer kuerz drop ugehalen. De Chauffer war alkoholiséiert a krut e provisorescht Fuerverbuet.