De Grand Théâtre presentéiert mat der leschter Kreatioun vum Opéra Comique en duerchaus modernt Stéck mat enger impressionanter Inzenéierung.

L'inondation presentéiert dem Publik e mënschlecht Drama, an deem Jalousie, Schicksalsschléi a Geheimnisser openeentreffen. Inspiréiert ass d'Handlung vun enger Novell vum russeschen Auteur Evegueni Zamiatine. Eng Koppel empfänkt e jonkt Meedchen, deem seng Eltere verstuerwe sinn a gesäit sech fir d'éischte Kéier gezwongen, hir Opmierksamkeet a Léift mat enger weiderer Persoun ze deelen. Eng ambigue Situatioun, déi hire Klimax an engem Héichwaasser fënnt, dat d'Wunneng vun der zesummegewierfelter Famill iwwerschwemmt. E Virfall, deen déi dräi zwéngt, ee Stack driwwer bei Noperen ënnerzekommen. Dës Klammer bréngt paradoxer Weis e bëssen Normalitéit zeréck, mä net fir laang.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Gedroe gëtt d'Geschicht engersäits vun engem beandrockende Bünebild, dat op dräi Stäck opgebaut ass an dem Publik e simultanen Abléck an déi verschidde Liewe vun engem Appartementshaus gëtt. E Choix, deen d'Sänger a Schauspiller zwéngt, sech konstant an der dramatescher Welt ze beweegen.

RTL

© Stefan Brion

Anerersäits gëtt déi modern Kompositioun vum Francesco Filidei dem Wierk d'Charakterzich vun engem Film, déi ee vun Ufank un an d'Welt vu l'inondation andauche léisst.

RTL

© Stefan Brion

Dat Ganzt resultéiert an engem Stéck, dat d'Grandeur vu grousse Klassiker mat der Accessibilitéit vu méi moderne Wierker un de Dag leed.

L'inondation leeft de 26. an 28. Mee am Groussen Theater an der Stad.