KonschTour feiert 10. Jubiläum
Eng 80 lokal an international Kënschtler sinn un engem ofwiesslungsräiche Programm um Péngschtweekend bedeelegt.
10 Joer ass et an der Tëschenzäit hier, dass d'Kënschtler vu Veianen sech zesummegedoen hunn, fir zesummen eng Zort "porte ouverte" z'organiséieren an hir Aarbechten ze presentéieren. Gläichzäiteg wollt een d'Visiteure motivéieren, e klengen Tour duerch Veianen an d'Ëmgéigend ze maachen. Zanterhier ass de "KonschTour" e fixe Rendez-vous am Kultur-Kalenner ginn a fält dëst Joer op den 28. an 29. Mee.

© Valeria Wiwinius
Fir de Jubiläum vun dësem Joer huet een e ganz spezielle Programm op d'Been gestalt, un deem iwwer 80 Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun bedeelegt sinn. Vu Molerei a Fotografie iwwer Skulpturen a Graffiti bis hin zu Musek, Danz, Luuchtinstallatiounen, Video Mapping a Poesie ass vun allem dobäi.

© Valeria Wiwinius
Ee vun den Highlighte vun dëser Editioun ass dem däitsche Kënschtler Klaus Dauve säi "Reverse Graffiti" op der Staumauer, an och déi fréier Veianer Schwämm gëtt vun enger Rëtsch Kënschtler bespillt.
Méi Informatiounen zum "KonschTour" an de ganze Programm fënnt een op hirem Site.