Mat RTL d'Lizzo kucke goen

© AFP Archivbild
D'US-Sängerin Lizzo kënnt den 3. Juli op Lëtzebuerg, respektiv fir en Open-Air-Concert bei d'Luxexpo. Mir schécken Iech gratis dohin.
D'Lizzo bezeechent sech selwer als "Big Girl" an d'Sängerin ass de Beweis, dass "skinny" Model-Figure scho laang net méi dat Wichtegst sinn an der Welt vun der Moud an der Musek. Eleng mat hirem Album "Special" reift d'Musekerin der Branche ënnert d'Nues, dass et "About Damn Time" ginn ass, dass d'Frae weltwäit sech net méi ze verstoppe brauchen, wa si net 90-60-90-Formen hunn.
Den éischten Album vum Melissa Vivian Jefferson, sou hire richtegen Numm, huet hir musikalesch Ufäng zu Minneapolis gemaach, wou si zesumme mam Prince zesummegeschafft huet. 2013 koum den éischte Studioalbum "Lizzobangers" eraus. Den Duerchbroch koum mam Album "Cuz I Love You" an do sinn dunn och d'Moudehaiser op d'Stilikon opmierksam ginn. D'US-Amerikanerin hat kuerz drop hiren éischten Optrëtt um rouden Teppech vun der Met Gala vum Metropolitan Museum of Art zu New York.
Mat hiren éischten dräi Grammys an hirer Karriär huet d'Lizzo an engem semitransparente Glitzerrack vu Versace poséiert. Iwwregens net deen eenzegen Outfit vum Owend. Hire Stylist hat der direkt dräi geplangt, allkéiers figur-betount oder provokativ. D'Rapperin beschäftegt sech an hiren R&B- an Hip-Hop-Songs och haaptsächlech mat Theme wéi Diversitéit a Body Positivity.
Ëmmer méi Designer räisse sech drëm, dass d'Lizzo hir Kreatiounen op ëffentlechen Evenementer undeet. Der Sängerin hir weiblech Forme spillen dobäi keng Roll, ganz am Contraire.
Musikalesch beweegt sech d'Lizzo tëscht R&B, Pop an Hip Hop, deels och emol mat engem Hauch Gospel kombinéiert mat provokanten Dänz. Si selwer beschreift hir Musek als "Church with a twerk" a vergläicht hire Stil mat deem vum Amy Winehouse, Erykah Badu a Beyoncé.
Wie sech dovu wëll iwwerzeegen, ka bei eisem Gewënnspill matmaachen an Tickete gewannen, fir d'Lizzo den 3. Juli live ënner fräiem Himmel bei der Luxexpo z'erliewen.