Organisateure stinn an de Startlächer fir déi 22. Editioun

© Valeria Wiwinius
Bei enger Pressekonferenz am Café Rocas an der Stad hunn d'Coordinateuren de Programm vun dësem Joer virgestallt.
24 Organisateure bedeelege sech dëst Joer un der Fête de la musique. Ursprénglech gëtt d'Evenement den 21.Juni organiséiert, dat schonn zanter 2000. Wéi och schonn an de viregte Joren, verlafen d'Festivitéiten awer iwwer e puer Deeg, notamment vum 16. bis den 21. Juni. De grousse Lancement ass de 16. Juni um 8 Auer bei der Funiculaire-Gare, wou Hunneg-Strëpp fir Ënnerhalung suergt. De ganzen Dag ginn da weider Concerte vun Artisten aus alle méigleche Genren ugebueden.
Virleefer vun der Fête de la Musique zu Lëtzebuerg ass Diddeleng. Do gëtt 2023 den 30. Jubiläum markéiert. Gefeiert gëtt op 12 Bünen ënner fräiem Himmel an an enger Partie lokale Baren, wou en diversifizéierte Programm fir Grouss a Kleng ugebuede gëtt. Um Line-Up fënnt een ënner anerem Ptolemea, Pleasing, Culture the Kid, Tuys, de Stephan Eicher oder och K's Choice. Des Weidere gëtt de 17. Juni och e musikalesche Rallye fir Kanner ugebueden an déi méi grouss Kanner kënne sech op d'After-Party an de Bare freeën.
Nei mat dobäi si Buerschent, déi fir d'éischte Kéier mat vun der Partie sinn a bei deene sech de 17. Juni alles am Schlass ëm Jazz dréit, Réimech, déi gläich mat véier Büne lassleeën an Nidderkäerjeng, wou lokal Artisten iwwer 3 Deeg d'Claus Cito-Plaz onsécher maachen. Aner Highlighte sinn zum Beispill de Casino Luxembourg, wou et de 16. Juni mat Mnemozine ganz experimentell zougeet, d'UGDA, déi ronn 10 Concerten an 9 verschiddene Gemengen organiséiert, Keel/Téiteng wou sech alles ëm Punk, Rock a Blues dréit, d'Union St Pie, déi den 18. Juni an der Kierch um Lampertsbierg en Uergelconcet, gekoppelt mat grousse Filmklassiker ubitt an d'Mesa Verde an der Stad, wou den 18.J uni eng reng Damme-Programmatioun um Programm steet.
D'Iddi vun der Fête de la musique ass et, engersäits eng Plattform souwuel fir etabléiert Museker ewéi och Newcomer a Museksschüler ze sinn, anerersäits soll d'Musek déi Deeg bei d'Leit kommen. Inclusioun gëtt grouss geschriwwen. Dowéinst ginn an deene meeschte Gemengen d'Museksschoule mat abezunn an zu Iechternach ginn och Concerten am Altersheem an Hospice gespillt.
De ganze Programm vun dëser Editioun fënnt een hei.