D’Molerin Tina Gillen ënnersicht an hirer Bildsprooch d'Relatioun vum Mënsch zu senger Ëmwelt a geet dobäi och gären iwwer de Kader vun der Toile eraus.

2022 huet si Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden. Lo presentéiert si an der Konschthal zu Esch eng ganz nei Ausstellung, déi déi lescht 20 Joer vun hirer Karriär reflektéiert.
Der Tina Gillen hir Kompositioune beweege sech tëscht Abstraktioun a Figuratioun, tëscht der konstruéierter Welt an der natierlecher Landschaft, tëscht dem Banneliewen an der Baussewelt. "Flying Mercury", den Titel vun dëser Ausstellung, steet fir hir Intentioun, d‘Schwéierkraaft ze iwwerwannen an eeschte Sujeten, wéi dem Klimawandel eng Liichtegkeet ze ginn - an de Molereien genee sou wéi an deenen dräidimensionale Wierker.

Déi zeenografesch Gestaltung vu "Flying Mercury" huet d‘Tina Gillen selwer iwwerholl. Verschidden Installatiounen huet si op Mooss vum Raum realiséiert, aner Wierker, déi si fir d‘Biennale vu Venedeg kreéiert hat, huet si an der Konschthal an ee ganz neie Kontext gesat a mat anere Wierker erweidert. Déi ronn 30 Kreatiounen, dorënner och ganz neier wéi "Iceberg", weisen der Kënschtlerin hiert Spill mat Formen, Faarwen, Dimensiounen a Perspektiven.

RTL

Dës Ausstellung féiert dem Visiteur, wéi och der Tina Gillen selwer, dee roude Fuedem virun Aen, dee sech vun 2005 bis 2023 duerch hiert kënschtlerescht Schafen zitt.

"Flying Mercury"leeft bis den 12. November.

Weider Informatioune ginn et op www.konschthal.lu