US-Rapper Tupac Shakur krut posthum e Stär um Walk of Fame

30 Joer no sengem Doud gouf d'Hip-Hop-Legend Tupac Shakur mat engem Stär um berüümten Hollywood Boulevard geéiert.
Stellvertriedend fir d'Shakur-Famill huet d'Schwëster vum Museker, dee mat nëmme 25 Joer no enger kuerzer a spektakulärer Karriär erschoss gouf, de Stär zu Los Angeles devoiléiert.
D'Sekyiwa "Set" Shakur huet sech zudéifst geéiert gefillt, dës Aufgab hunn dierfen z'iwwerhuelen. "Den Tupac wousst déif bannendran, dass hie fir Gréisseres bestëmmt war. Als seng kleng Schwëster hat ech de Privileeg ze gesinn, wéi dëst Gréisst sech entfaalt huet."
De Rapper, bekannt duerch Hits wéi "California Love", "California Love", "Changes", Dear Mama" an "All Eyez On Me", huet 75 Milliounen Albe verkaf. Hie war donieft eng Schlësselfigur an engem vu Bande geféierte Konkurrenzkampf tëscht Rapper vun der US-Ost- an der Westküst.
1996 gouf den Tupac zu Las Vegas op oppener Strooss erschoss, bis haut sinn d'Hannergrënn onkloer. Hien zielt haut nach zu den aflossräichste Museker am Hip-Hop.