
Zanter senger Sortie, stoung dem Marie Kreutzer säi Film iwwert déi éisträichesch Keeserin aus verschiddenste Grënn an de Schlagzeilen. En Donneschdeg louch de Fokus awer nees eleng um filmeschen Aspekt. Ganzer 8 Mol gouf de Film nominéiert, akrut um Enn 4 Präisser.
D’Vicky Krieps gouf wéinst hirem sensibelen a raffinéierte Spill fir déi bescht Haaptroll ausgezeechent. Donieft gouf de Film nach fir déi bescht Kamera (Judith Kaufmann), déi bescht Kostümer (Monika Buttinger) an de beschte Maquillage (Maike Heinlein & Helene Lang) ausgezeechent.
Domadder krut “Corsage” d’nämmlecht vill Präisser wéi “Eismayer”, dee mat der beschter männlecher Haaptroll (Gerhard Liebmann), der beschter männlecher Nieweroll (Luka Dimic), dem beschten Dréibuch (David Wagner) an der beschter Filmmusek (Eva Klampfer) ausgezeechent gouf.
Als beschte Film gouf “Vera” vum Tizza Covi an dem Rainer Frimmel gekréint.
D’Präisser goufen en Donneschdeg den Owend zu Wien iwwerreecht.