D'Cinemathéik vun der Staat Lëtzebuerg gouf vun der Europäescher Filmakademie zum "Treasure of European Film Culture" ernannt.

Zanter 1977 gëtt hei praktesch all Dag ënnert dem Motto Preservéieren a Weisen, Filmgeschicht op d'Leinwand projezéiert. En Effort, deen, ënnert der Leedung vum Claude Bertemes, elo mam Titel "Treasure of European Film Culture" ausgezeechent gouf.

Et ass am Archiv vun der Stater Cinemathéik op der Cloche d'Or, wou engem d'Bedeitung vun dësem Titel bewosst gëtt. Am sougenannte Frigo gi bei 6,5 Grad an enger Loftfiichtegkeet vu 40% ronn 15.000 35mm a 5.000 16mm Filmkopië conservéiert.

Fir dës Schätz kënne mam Publik ze deelen, muss och all Kopie virdru gepréift ginn. Ënnert anerem ginn d'Spulle gekuckt a gemooss, fir ze iwwerpréiwen, ob de Film komplett ass. Ee Meter Film entsprécht iwwregens ongeféier enger Sekonn. Bei engem duerchschnëttleche Film läit een deemno bei 2.500 bis 3.000 Meter.

Den aktuelle Programm vun der Cinemathéik  fannt dir hei.