Am Alter vun 80 Joer
Literaturnobelpräislaureatin Louise Glück gestuerwen

© AFP (Archiv)
Déi amerikanesch Poetin an Nobelpräislaureatin Louise Glück ass dout. D'Schrëftstellerin ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Dat huet hire Verlag an d'Yale Universitéit, op där si geschafft huet, an der Nuecht op e Samschdeg eiser Zäit bekannt ginn.
Déi 80 Joer al Amerikanerin ass u Kriibs gestuerwen. Virun 3 Joer war si mam Literaturnobelpräis geéiert ginn, fir hir onverkennbar poetesch Stëmm.
Am meeschte gelies