Weltexpo 2025 zu OsakaLëtzebuerger Pavillon ënnert dem Slogan "en Häerz, dat freedeg schléit"

RTL Lëtzebuerg
"Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat": Ënnert deem Slogan - dem japaneschen Ausdrock fir en Häerz, dat freedeg schléit - steet Lëtzebuerg 2025 zu Osaka.
Preparatioune fir Lëtzebuerger Pavillon op der Weltexpo 2025 zu Osaka
“Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat": Ënnert deem Slogan - dem japaneschen Ausdrock fir en Häerz, dat freedeg schléit - steet Lëtzebuerg 2025 zu Osaka.

Op enger kënschtlecher Insel wäerte sech an 2 Joer eng 175 Stänn presentéieren - de Lëtzebuerger Pavillon gouf no nohaltege Krittäre vum Architekte-Bureau Steinmetz-Demeyer entworf. Genee wéi bei der Participatioun un de Weltexpoen zu Shanghai an Dubai gouf och dës Kéier nees en Groupement d’intéret économique gegrënnt, dee mat enger Budgetsenveloppe vun 30 Milliounen Euro dotéiert ass.

Eng éischt Konventioun betrëfft de Volet vum Iessen an Drénken - hei gëtt nees mat der Dikrecher Hotelschoul zesummegeschafft, déi de Restaurant vum Pavillon wäert exploitéieren.

Kommissär adjoint fir de Lëtzebuerger Pavillon ass den Daniel Sahr, dee bis ewell am internationalen Departement vun der Chambre de Commerce geschafft huet. Wéi schonn 2021 annoncéiert, ass den André Hansen Kommissär général fir de Lëtzebuerger Pavillon.

D’Weltexpo 2025 zu Osaka gëtt vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober 2025 op der kënschtlecher Insel Yumeshima organiséiert. D’Expo steet allgemeng ënnert dem Thema “D’Gesellschaft vun der Zukunft gestalten, sech eist Liewen vu muer virstellen”.

PDF: D’Schreiwes vum Ekonomiesministère iwwert Lëtzebuerger Pavillon.

Back to Top
CIM LOGO