E Filmpräis mat Iwerraschungen
Am Groussen Theater gouf e Samschdeg de Lëtzebuerger Kino geéiert. De Lëtzebuerger Filmpräis huet seng 10. Editioun a säin 20. Gebuertsdag geféiert.
Grousse Kino am groussen Theater, sou war gëschter d’Stéchwuert. 20 Joer zanter senger Aféierung, ass de Filmpräis staark gewuess. No enger éischter Editioun an de Rotonden mat 6 Präisser, goufen der gëschter Owend am groussen Theater ganzer 12 verdeelt. En Zeechen fir d’Wäertschätzung vun de verschiddene Beruffer am Secteur ma och fir d’Diversitéit am Milieu.
E Point de vue deen och de Gewënner vum Präis fir de beschte Lëtzebuerger Film bestätegt. Gewonnen huet de Jacques Molitor mat sengem Film Kommunioun deen een an de Genre vum Horror oder vum Fantastesche kategoriséiere kann. En onkonventionelle Choix deen de Regisseur als Zeeche versteet fir en Trend, deen net nëmmen um komme ma och staark erwënscht ass.
Weider Gewënner a Gewënnerinnen deen Owend waren ënnert anerem de Marc Limpach, dee fir seng Roll am Film Hinterland de Präis fir de beschte Schauspiller krut.

D’Vicky Krieps huet fir hir Interpretatioun vun der Keserin Sissi am Film Corsage de Präis fir déi beschte Schauspillerin gewonnen. D'Schauspillerin, déi net do konnt sinn, huet sech via e Bréif un de Publik adresséiert. An deem Schreiwes huet d'Vicky Krieps wollten hire Präis un d'Regisseurin Marie Kreutzer verginn. Der Vicky Krieps no hätt d'Affäre ronderëm de Schauspiller Florian Teichmeister nämlech dozou gefouert, datt e groussen Deel vun der Filmzeen der Regisseurin zu onrecht de Réck gedréint hätt. Sou sollt duerch dëse symboleschen Akt der Marie Kreutzer déi Unerkennung geschenkt ginn, déi hier zu enthale gouf.
Nächste Rendezvous fir de Filmpräis ass dann nees an zwee Joer.